
Nieft dem ganze Representantenhaus, dat aus 438 Sëtz besteet, ginn och 34 vun den 100 Sëtz am Senat nei besat.
Dës Wale fir d’Parlament vun den USA, de Kongress, stinn hei am Land dacks am Hannergrond vun de mediale Berichter. Dat, obwuel se en entscheedenden Afloss drop hunn, wéi vill vu senge politeschen Ziler den nächsten amerikanesche President a senger Amtszäit kann erreechen. De legislative Prozess - also de Prozess, iwwert deen nei Gesetzer op de Wee bruecht a gestëmmt ginn - muss nämlech vum Kongress ausgoen. Nëmme Membere vum Representantenhaus oder Senateure kënnen an den USA Gesetzespropose virleeën. E President kann also kee vu senge grousse politesche Projeten ëmsetzen, wann de Kongress net matspillt. De President ka wuel iwwer sougenannt “executive orders” - also direkt Uerdere vum President - Afloss op d’Politik huelen. Iwwert dëse Wee ass et awer kaum méiglech, laangfristeg politesch Ännerungen erbäizeféieren. De Kongress kann nämlech Gesetzer stëmmen, déi et schwéier oder onméiglech maachen, esou eng Uerder an der Praxis ëmzesetzen. Zum Beispill andeems e Gesetz gestëmmt gëtt, dat d’Finanzéierung vun der Uerder stoppt. Ausserdeem kann den nächste President eng “executive order” vu sengem Virgänger nees ausser Kraaft setzen.
Dësen Aspekt ass an den USA besonnesch wichteg. Well déi eenzel Membere vum Representantenhaus a Senateuren nämlech direkt vum Vollek gewielt ginn, an dës Wal onofhängeg vun där vum President ass, kann et sinn, dass eng Partei de President stellt an déi aner d’Majoritéit an enger oder béide Kammere vum Kongress huet. An den USA schwätzt een a sou enger Situatioun vun engem “divided governement”, also enger gespléckter Regierung. Dës mécht et besonnesch schwéier, nei Gesetzer op de Wee ze bréngen.
Ma anescht ewéi an de meeschten europäesche Staaten, wou e Premierminister d’Parlament kann opléisen oder d’Parlament e Mësstrauensvott géint d’Regierung ka froen, mussen de President an de Kongress an den USA déi ganz Legislaturperiod mateneen auskommen. Dat kann zu legislative Blockade féieren, vun deenen eng esouguer de Groussdeel vum amerikanesche Staatsapparat ka paralyséieren. Wann de Kongress sech nämlech net op e Budget gëeenegt kritt oder de President d’Budgetsgesetz net wëll ënnerschreiwen, besteet d’Gefor, dass dem Staat d’Suen ausginn. Staatlech Institutioune riskéieren dann, net méi ze funktionéieren a Staatsbeamten, keng Pai méi kréien. Eng Situatioun, déi een an den USA als “government shutdown” bezeechent.
Den Ausgang vun de Kongresswalen huet also en entscheedenden Afloss drop, wéi grouss d’Walvictoire vun der Partei ass, déi den nächsten US-President stellt, an op dat, wat dëse politesch kann erreechen.
