
Australeschen Autoritéiten no hunn d’Korallen am “Great Barrier Reef” nees hir Faarf verluer. D’Phänomeen vun der “Korallenbleiche” betrëfft momentan 730 vun den 1.000 Riffer, déi iwwerwaacht goufen. Och wier et déi fënneft Kéier an aacht Joer, wou därmoosse vill Fläch betraff ass.
D’Erwiermung vum Mier féiert dozou, datt Korallen, wéinst dem domadder verbonnene Stress, déi bont Algen, déi an hinnen dra liewen, ausstoussen. Déi mussen d’Korallen awer konsuméieren, fir gesond ze bleiwen an hir Faarf ze halen. Sou féiert de Klimawandel dozou, datt déi Korallen an déi Ekosystemer, déi vun hinnen ofhängeg sinn, kuerz dofir dru stinn, futti ze goen. Zu Marseille kënnt et och zu engem Ofstierwe vun de Koralle-Populatioune wéinst dem Klimawandel.
Gebleecht Koralle kënne sech awer rëm erhuelen, wann d’Temperaturen erofginn an aner Faktoren, wéi d’Iwwerfëschen, souwéi d’Verschmotzung vun de Mierer reduzéiert ginn. An awer ass d’Ausmooss vun de betraffene Korallen enorm a läit fir d’éischt Kéier bei 90%. An engem Beriicht vun der australescher Regierung heescht et, datt am Moment 46% vun de Riffer betraff sinn. Am Joer 2016 waren et nach 20%.
Am Great Barrier Reef liewe méi wéi 600 Korallen- an 1.600 Fëschzorten. Australien huet ongeféier fënnef Milliarden australesch Dollar (ronn dräi Milliarden Euro) an d’Verbesserung vun der Waasserqualitéit, de Kampf géint d’Suitte vum Klimawandel an an d’Schutzmesurë fir menacéiert Aarten investéiert.