Besuch am Haaptsëtz vun der UNRWAD'Leed vun engem ganze Vollek

Diana Hoffmann
Vill Donateur-Länner hunn no der Hamas-Attack vum 7. Oktober provisoresch hir Hëllefen agestallt.
© Diana Hoffmann / RTL

Besuch am Haaptsëtz vun der UNRWA / De Reportage vum Diana Hoffmann

Wärend senger Visitt a Jordanien, wollt den Aussen- a Kooperatiounsminister mat senger Visitt beim UN-Hëllefswierk fir palästinensesch Refugiéen (UNRWA) en Zeeche setzen.

“A Jordanien ginn et 2,4 Millioune registréiert palästinensesch Refugiéen”, seet den Olaf Becker, Direkter vun der United Nations Relief and Works Agency for Palestine Refugees in the Near East (UNRWA) an der Haaptstad vu Jordanien. D’Hëllefe vun der UNRWA si sozial Ënnerstëtzunge fir iwwer 60.000 Palästinenser an 20.000 vun den äermste palästinensesche Refugiéeën aus Syrien an anere Länner. Majoritär, mat engem Prozentsaz vu 70 Prozent ass een an der Bildung involvéiert.

D’UNRWA bedreift a Jordanien 161 Schoulen, wou iwwer 107.000 Kanner an d’Schoul ginn, sou wéi och 2 Beruffsschoule mat 4.000 Studenten. Geléiert ginn, kënnen iwwer 40 Fächer. Doriwwer eraus geréiert d’UNRWA 25 Klinicke mat iwwer enger Millioun Patiente pro Joer.

Et géing een enk mat de jordaneschen Autoritéiten zesummeschaffen, erkläert den Olaf Becker. Et wéilt ee schliisslech kee parallelle Bildungssystem opbauen a vill palästinensesch Refugiéë géingen och a jordanesch Schoule goen. Dofir géing ee sech dann och besser op déi palästinensesch Refugiéë konzentréiere kënnen, déi an engem vun den 10 UNRWA Refugiéescampe liewen. Ma d’Situatioun, besonnesch fir déi jonk Leit am Land, wier schwiereg. 46 Prozent vun de Jugendlechen hätte keng Aarbecht. D’Beruffsschoule géinge si besser fir de Marché preparéieren. Dat mat Erfolleg.

D’UNRWA an der internationaler Kritik

D’UNRWA huet den Ament awer e schwéiere Stand, besonnesch an Israel. Hei gouf eng Prozedur lancéiert, fir se als terroristesch Organisatioun anzestufen. Grond ass, dass bei der Hamas-Attack vum 7. Oktober zejoert op Israel och 12 UNRWA-Mataarbechter involvéiert waren. Doriwwer eraus besteet de Reproche, dass weider UNWRA-Mataarbechter an der Gazasträif d’Hamas géingen ënnerstëtzen. Vill Donateur-Länner hu provisoresch hir Hëllefen agestallt. Et géing een dës Reprochen extrem eescht huelen, betount den Olaf Becker.

Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel huet wärend senger Visitt dann ëmmer nees betount, wéi wichteg d’Aarbecht vun der UNRWA an der Regioun fir d’Mënsche wier.

“Et gëtt an da Gazasträif keng Schoul ouni UNWRA, kee Spidol, keng Dokteren. D’UNRWA mécht d’Aarbecht, déi de Staat net garantéiere kann”, sou de Xavier Bettel. Fir hie kéim et net a Fro, dass déi finanziell Hëllefen zu dësem Ament ausgesat ginn. Rezent goufen zu New York op enger Donateur-Konferenz Hëllefen an Héicht vun enger Millioun fir d’UNRWA deblockéiert.

Vill Palästinenser hunn hir Heemescht elo a Jordanien

D’Mënschen, déi d’UNRWA a Jordanien ënnerstëtzt, hu ganz ënnerschiddlech Gesichten z’erzielen. Mee et sinn ëmmer Gesichte vun der Angscht, vun der Flucht, a vun der Dankbarkeet a Jordanien gehollef ze kréien.

“Du bass ganz normal doheem a vun engem Ament op deen anere verléiers de alles. Däin Haus, deng Frënn, deng Famill”, erzielt de 14 Joer ale Bara, dee wéinst de Bombardementer vun Israel huet missen d’Gazastäif zejoert verloossen.

“Wisou gëtt d’Vëlkerrecht net repektéiert? Mir goufen och scho virum 7. Oktober mësshandelt”, seet seng Mamm, déi opgrond vun hirer russescher Nationalitéit d’Gazasträif konnt verloossen.

En eelere Mann kuckt de Xavier Bettel a seet: “Mir sinn eenzel Persounen, mir kënnen näischt maachen, mee Dir musst Israel stoppen.”

Eng aner Fra seet: “Et muss e Waffestëllstand ginn, Kanner sinn dach keng Terroristen.”

All déi palästinensesch Refugiéen aus der Gazasträif, aus Syrien, dem Libanon oder déi, déi schonn a Jordanien gebuer sinn, hunn am Wadi Seer Training Center (WSTC) zu Amman erzielt, wisou d’UNRWA fir si esou wichteg ass. Verschiddener wëllen am léifsten sou séier wéi méiglech zréck an hiert Land, soubal et do nees sécher ass. Anerer hunn a Jordanien hir nei Heemescht fonnt.

Finanziell Hëllefe ginn net duer

Fir weider kënnen deene ville Mënschen ze hëllefen, ass d’UN-Organisatioun UNRWA ëmmer schonn op international Hëllef ugewise gewiescht.

“Iwwer zéng Joer feelen eis schonn déi finanzielle Mëttelen, déi mer brauchen”, seet den Direkter vun der UNRWA a Jordanien. De Budget vun der Organisatioun läit bei 860 Milliounen an et krit een eng 760 Milliounen. Deemno géingen eigentlech ëmmer 100 Millioune feelen. Majoritär gëtt d’UNRWA vu fräiwëllegen Done vun den UN-Memberstaate finanzéiert.

Den Trainingszenter wier staark erofkomm, mee et wéilt een d’Suen an d’Leit an an dat operationellt Geschäft stiechen, an eebe manner an d’Infrastrukturen. D’UNRWA huet eegenen Aussoen no ongeféier 30.000 Persouenen bei agstallt. D’Majoritéit wier selwer Refugiéen a schafft a Flüchtlingslager oder an Hëllefsariichtungen op der Plaz. A Jordanien schaffen eng 4.000 Mënsche fir d’Hëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. Eng 12.000 dann an der Gazasträif.

40 Prozent vun de Palästinenser si Refugiéen

Weltwäit liewe geschat aktuell 14,3 Millioune Palästinenser. D’Majoritéit dovunner an de palästinenseschen Autonomiegebidder, mat 5 Milliounen an der Gazasträif an am Westjordanland. A Jordanien geet een dovunner aus, dass 2 bis 3 Millioune Palästinenser am Land liewen. A Syrien dann eng hallef Millioun an am Libanon eng 400.000.

Bal 6 Millioune Palästinenser waren zejoert als Refugiéeë registréiert a goufe vun der UNRWA ënnerstëtzt. Déi héich Zuel erkläert sech awer och doduerch, dass der UNRWA-Definitioun no och Nokomme vu registréierte palästinensesche Refugiéen als Refugiéë consideréiert ginn. Kuckt een dëse Chiffer par rapport zu der Bevëlkerungszuel, sinn eng 40 Prozent vun der palästinensescher Bevëlkerung Refugiéen.

D’Geschicht vum palästinensesche Vollek

Nom éischte Weltkrich, an dem Zesummebroch vum Osmanesche Räich ass Palästina vun 1918 bis 1948 ënner brittesch Kontroll komm. Scho bannent dëser Zäit sinn d’Spannungen tëscht de jiddeschen an den arabesche Gemeinschafte gewuess. 1948 huet d’UN e Plang virgeschloen, fir d’Regioun an e jiddeschen an an en arabesche Staat ze deelen. Déi arabesch Staaten hunn dësen awer ofgeleent. No der Grënnung vun Israel koum et zu engem Krich, duerch dee vill Palästinenser gezwonge waren, hir Heemescht ze verloossen. Schätzungen no waren et 750.000 Mënschen. Den éischten arabesch-israeelesche Krich ass och als Nakba bekannt.

An den nächste Joerzéngten ass et ëmmer nees zu Ausenanersetzunge komm. 1967 beim 6-Dages-Krich huet Israel d’Westjordanland, d’Gazasträif an aner Gebidder eruewert. Vill Palästinenser sinn zu Refugiéë ginn, an d’Occupatioun dauert bis haut un, mat permanentem israeeleschem Siidlungsbau an de besate Gebidder. An der Suitte vum 6-Dages-Krich haten eng 300.000 Palästinenser d’Land verlooss.

Och méi spéit wärend den Intifada an dono koum et ëmmer nees zu Flüchtlingsbeweegungen, ma de Chiffer war net méi esou grouss wéi deemools. Aktuell kënne just Palästinenser, déi eng zweet Staatsbiergerschaft hunn, d’Gazasträif verloossen. Zanter der terroristescher Attack op Israel vum 7. Oktober zejoert an der Géigenoffensiv vun Israel hunn iwwer 64.000 Mënschen hir Heemescht an der Gazasträif hannert sech gelooss. Bal 2 Millioune Mënsche liewen an dësem Gebitt, 11 Mol méi kleng wéi Lëtzebuerg.

Antëscht koumen dem jordaneschen Ausseminister Ayman Safadi no 39.480 Palästinenser an der Gazasträif ëm d’Liewen. Dovunner 14.000 Kanner, 9.000 Fraen. 91.000 Persoune wiere blesséiert ginn. Am Westjordanland wieren zanter dem 7. Oktober zejoert 593 Palästinenser ëmbruecht ginn. 144 dovunner Kanner. Iwwer 5.500 wiere blesséiert ginn. Och 202 Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioune wieren ëmbruecht ginn.

Eischten Deel vu Lëtzebuerger Visitt am gréisste Flüchtlingscamp vu Jordanien

Back to Top
CIM LOGO