Fënnef Persoune festgehollSpuenesch Police saiséiert annerhallef Tonne Kokain

RTL Lëtzebuerg
D'Droge waren an 1.000 Zementsäck verstoppt, déi markéiert waren, fir dass se duerno konnten identifizéiert ginn.
D'spuenesch Police huet annerhallef Tonne Kokain saiséiert
D’Droge waren an 1.000 Zementsäck verstoppt, déi markéiert waren, fir dass se duerno konnten identifizéiert ginn.

Der spuenescher Police ass an Zesummenaarbecht mat hire Kolleegen a Brasilien e gréissere Coup géint den organiséierten Drogenhandel gelongen. An enger industrieller Lagerhal zu Marbella goufen annerhallef Tonne Kokain saiséiert. Fënnef Persoune goufen an dësem Zesummenhang festgeholl.

Am Kader vun enger Enquête huet d’Police erausfonnt, dass eng grouss Quantitéit Kokain iwwer den Hafe vun Algeciras an d’Land komm ass. D’Droge waren an 1.000 Zementsäck verstoppt, déi markéiert waren, fir dass se duerno konnten identifizéiert ginn.

Den Enquêteuren no hätt d’Schmuggler-Netzwierk Schëffer vun enger däitsch Firma mat Sëtz zu Bremen benotzt, fir den Transport vun den Drogen ze organiséieren. D’Netzwierk géif vun engem Mann ugefouert ginn, dee Verbindungen zu der sougenannter “Mocro Mafia” hätt, dës géing virun allem an Holland aktiv an hätt och Connexiounen op Dubai.

Dräi Männer, déi an Däitschland wunnen, hätten den Optrag gehat, d’Drogen an d’Hal a Spuenien sichen ze goen. Ma doraus sollt näischt ginn. D’Police huet d’Lagerhal duerchsicht an de Kokain saiséiert. Fënnef Verdächteger goufen an deem Kontext festgeholl a fir zwee weiderer goufen international Mandat d’arrêten ausgeschwat. Iwwerdeems goufen e Gefier, en Handy an 2.240 Euro a Bor saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO