Temoignage vun Evakuéierung mat A400M vun Dubai"Ech hu bal vergiess, datt ech an engem Militärfliger war"

Pierre Weimerskirch
Nodeems d’Situatioun am Iran an Noen Osten eskaléiert ass, huet Lëtzebuerg zesumme mat internationale Partner eng grouss Rapatriéierungsaktioun organiséiert. E Mann erzielt säi Wee zeréck an de Grand-Duché.
Och Lëtzebuerger Residenten goufen mat enger A400M aus Dubai erausgeflunn.
Och Lëtzebuerger Residenten goufen mat enger A400M aus Dubai erausgeflunn.
© Privat

Ënnert de Betraffene war och de Stelio Kokkinos, deen eng Woch Vakanz zu Dubai gemaacht huet an op eemol mat enger schwiereger Situatioun konfrontéiert war.

Vol gouf zweemol annuléiert

De Stelio Kokkinos war zu Dubai, wéi d’Attacken a Iran ugefaangen hunn. Säi Vol op Lëtzebuerg war fir de 2. Mäerz geplangt, just zwee Deeg nom Ufank vun den Attacken.

“Mäi Fluch vun Dubai aus ass zweemol annuléiert ginn. Do hunn ech verstanen, datt d’Situatioun kéint méi laang daueren.”

Onsécherheet a Rakéiten-Alarm

D’Deeg virun der Evakuéierung ware gepräägt vun Onsécherheet a Suergen.

“Mir hunn d’Geräischer vun de Rakéiten-Interceptiounen um Himmel héieren an hu reegelméisseg Alarm-Messagë kritt, fir Schutz ze sichen an eis vun de Fënsteren ewechzehalen.”

Hien hätt e puermol an de Keller vu sengem Hotel misse goen.

Am Ufank hätt hien net gewosst, ob Rakéiten um Buedem ageschloen hätten, a wa jo, wéi no bei him.

“Dat huet mir am meeschten Angscht gemaach.”

Gläichzäiteg betount hien, datt d’Autoritéiten an den Emirater d’Situatioun gutt geréiert hätten. D’Kommunikatioun wier kloer gewiescht an hätt dozou bäigedroen, keng Panik ze verbreeden.

Ëmmer nees gouf een iwwer Push-Norichten iwwer d'Situatioun informéiert.
Ëmmer nees gouf een iwwer Push-Norichten iwwer d’Situatioun informéiert.
© Screenshot vum Smartphone

Kontakt mam Lëtzebuerger Ausseministère

Schonn den Dag nom Ufank vun den Attacke gouf hie vum Lëtzebuerger Ausseministère kontaktéiert.

“Si hu gefrot, ob et mir gutt geet oder ob ech a Gefor sinn, an hu mir Recommandatioune ginn. Et war immens berouegend ze wëssen, datt si schonn un eis geduecht hunn.”

An den Deeg drop gouf him eng Rapatriéierung iwwer Oman mat Luxair proposéiert. Well hie sech awer net sécher gefillt huet, iwwer en anert Land am Noen Osten ze reesen, huet hien dat net gemaach. Wéi de Ministère him duerno eng Evakuéierung direkt vun Dubai mam Militär proposéiert huet, hätt hie mat grousser Erliichterung zougestëmmt.

“Fléien ass net meng grouss Passioun”

De Stelio Kokkinos gouf an engem A400M rapatriéiert. Zu Dubai wieren zwou Maschinne gewiescht, eng vun der lëtzebuergesch-belscher Unitéit an eng vun der belscher Arméi.

“Fléien ass net meng grouss Passioun, also kënnt Dir Iech virstellen, wéi ech gekuckt hunn, wéi ech de Militärfliger gesinn hunn.”

Bléck op de Militärfliiger aus dem Bus eraus.
Bléck op de Militärfliiger aus dem Bus eraus.
© Privat

Awer de Fluch selwer wier “aussergewéinlech“ gewiescht: “Ech hu mech ni esou sécher gefillt.“

D’Zaldote wieren héich professionell, frëndlech an hëllefsbereet gewiescht. Si hätten de Verlaf vum Fluch, d’Sécherheetsinstruktiounen an d’Ënnerscheeder zu engem normale Fluch genee erkläert. Virum Start goufen och Waasser an Ouerestëpp verdeelt, well de Kaméidi méi staark ass wéi an engem kommerzielle Fliger.

Wat hie besonnesch beandrockt huet?

“De Professionalismus, d’Kommunikatioun an déi gutt Laun. Ech hu bal vergiess, datt ech an engem Militärfliger war.”

Mulmegt Gefill beim Start

Beim Start hätt hien dann awer e bëssen Angscht an e mulmegt Gefill gehat.

“Ech wosst, datt warscheinlech nach Rakéiten ofgefaange goufen. Ausserdeem hat et den Dag virdrun eng Explosioun um Fluchhafe vun Dubai ginn.”

Hie wier eréischt méi roueg ginn, wéi de Fliger ronn 15 Minutten nom Start de Loftraum vun den Emirater verlooss hat.

Eng ongewinnte Situatioun. Zivilisten an enger A400M. E Militärfliiger vun der Belscher a Lëtzebuerger Arméi.
Eng ongewinnte Situatioun. Zivilisten an enger A400M. E Militärfliiger vun der Belscher a Lëtzebuerger Arméi.
© Privat

Laangen Openthalt an Ägypten

D’Rapatriéierung gouf vun der Belscher a Lëtzebuerg Arméi zesummen organiséiert. No 7 Stonnen Openthalt zu Hurghada an Ägypten, wou Vertrieder vum Lëtzebuerger Ausseministère a vun der belscher Ambassade permanent present waren, goufen d’Passagéier weider betreit.

“Si hunn Iessen, Gedrénks an Decken ausgedeelt, e Modem installéiert, fir datt mir Internet haten, an esouguer eng kleng Infirmerie ageriicht fir Leit, déi medezinesch Hëllef gebraucht hunn.”

D'Waarden um Flughafen Hurghada. Duerno ass et a Richtung Belsch gaangen.
D’Waarden um Flughafen Hurghada. Duerno ass et a Richtung Belsch gaangen.
© Privat

Vun Hurghada aus goung et mat engem kommerzielle Fliger weider op Bréissel. Um Fluchhafen Zaventem stoung e Bus vun der Lëtzebuerger Arméi prett, fir d’Leit op Findel ze bréngen, wou si géint 14 Auer ukoumen.

“Ech hu gemierkt, wéi vill Gléck ech hunn, zu Lëtzebuerg ze liewen a wéi sécher ech mech a mengem Land fillen.”

Déi lescht Etapp: E Bus vun der Lëtzebuerger Arméi huet d'Residenten zeréck an de Grand-Duché bruecht.
Déi lescht Etapp: E Bus vun der Lëtzebuerger Arméi huet d’Residenten zeréck an de Grand-Duché bruecht.
© Privat

Dat wier eppes, wat een am Alldag séier géif vergiessen.

Am Verglach mat anere Länner wier Lëtzebuerg “ganz effizient a séier“ gewiescht.

“Ech wëll den Autoritéiten an alle Bedeelegte vu ganzem Häerze Merci soen. Dat ass dat mannst, wat ech maache kann.”

Liest hei den Artikel vun RTL Today:
Aboard military plane: Evacuees from Dubai praise Luxembourg’s repatriation efforts

Back to Top
CIM LOGO