
En Dënschdeg den Owend huet den däitschen Zoll um Grenziwwergang Réimech-Nenneg (D) eng Kontroll duerchgefouert, fir z’iwwerpréiwen, ob sech beim grenziwwerschreidende Wuerentransport un déi gesetzlech Limitte gehale gëtt.
Am Fokus stoungen do virun allem déi maximal Quantitéiten un Alkohol, Zigaretten a Boergeld, grad ewéi zousätzleche Sprit, deen a Kanisteren transportéiert gëtt. Et däerf ee maximal 20 Liter Sprit pro Auto an engem Reservekanister mat sech féieren, ouni dass een dofir zousätzlech Steiere muss bezuelen. Wichteg dobäi ass z’ernimmen, dass dee Sprit och muss bei den Auto passen. Et däerf een zum Beispill keen Diesel am Kanister hunn, wann een e Bensinner fiert, an eben ëmgedréint.
Wärend zu Lëtzebuerg de Liter 95er Bensinn aktuell 1,567 Euro kascht, muss een zum Beispill zu Merzig an Däitschland ongeféier 1,94 Euro bezuelen.
Wann ee 50 Liter tankt, kascht et bei eis 78,35 Euro, iwwerdeem ee fir déi selwecht Quantitéit dann zu Merzig 97 Euro bezilt. Knapp 20 Euro kann een doduerch spueren, wann een zu Lëtzebuerg tankt. Deemno ass de Wee iwwert d’Grenz fir vill Leit an Däitschland definitiv Grond genuch, fir esou Suen ze spueren.
Wann ee méi wéi déi erlaabten 20 Liter “zousätzleche” Sprit bei sech am Auto huet, an et gëtt een erwëscht, muss een d’Energiesteier dofir bezuelen, dat meeschtens direkt op der Plaz. Sollt ee bei der Quantitéit wäit iwwert dat erausgoen, wat erlaabt ass, kann och nach eng Stroftax dobäi kommen.
Bei der Kontroll en Dënschdeg den Owend wier iwwerdeem kee “Verstouss” festgestallt ginn. Dat huet den Zoll Saarbrécken eis op Nofro matgedeelt. Zwou Persounen haten zwar nieft den 20 erlaabte Liter Sprit nach e weidere Kanister mat 20 Liter dobäi, hunn dat awer bei der Kontroll direkt matgedeelt an dofir och déi néideg Steieren op der Plaz bezuelt, wouduerch dëst net als Verstouss aktéiert gëtt.
Genee Zuelen, wéi vill Automobilisten en Dënschdeg kontrolléiert goufen, konnt de Presseservice vum Zoll Saarbrécken eis net matdeelen. Et géife reegelméisseg sou mobil Kontrollen duerchgefouert ginn, fir de grenziwwerschreidende Wuereverkéier z’iwwerwaachen.