An engem Linnebus an der Schwäiz koum et en Dënschdeg den Owend zu enger déidlecher Brandkatastroph, bei där op d’mannst sechs Persounen ëm d’Liewe koumen. Véier Passagéier an ee Secourist goufe blesséiert, dräi Leit dovu liewensgeféierlech. Wéi d’Police vum Kanton Freiburg matgedeelt hat, hätte si d’Informatioun, datt eng Persoun d’Feier “muttwëlleg” geluecht hätt, aus wéi engem Grond wier awer nach net gewosst.
De Bus hat op der Haaptstrooss vun der klenger Stad, déi eng 20 Kilometer westlech vun der Haaptstad Bern läit, Feier gefaangen. D’Feier wier deemno géint 18.25 Auer ausgebrach. Wéi vill Passagéier genee am Bus waren, huet d’Police nach net matgedeelt.
Entretemps gouf vum Parquet confirméiert, datt d’Feier muttwëlleg ausgelist gouf. Aenzeien hate virdru schonn der Zeitung “Blick” no erzielt, datt e Mann Bensinn am Bus ausgeschott a sech selwer a Brand gesat soll hunn. Éischten Erkenntnisser no hätt de Mann wuel psychesch Problemer gehat, heescht et vum Parquet.
De Schwäizer Bundespresident Parmelin huet sech “traureg” gewisen, “datt schonn erëm Mënschen an der Schwäiz bei engem uerge Brand ëm d’Liewe koumen”. Hien huet de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat. “An ech denken un déi Blesséiert an d’Rettungsekippen.”
Am urspréngleche Post vun der Police geet vun engem Feier an engem Postauto rieds. Der Noriichtenagence AFP no soll et sech beim Gefier allerdéngs ëm e Bus handelen. “Ntv” schreift an deem Kontext, dass et sech ëm e Linnebus géing handelen, dee vun der Schwäizer “Postauto AG” géing bedriwwe ginn.
D’Identifikatioun vun de sechs Doudesaffer kéint der Police no e puer Deeg daueren. Déi dozou néideg forensesch Aarbechte wieren amgaangen, sot e Spriecher vun der Kantonspolice Freiburg der Noriichtenagence Keystone-SDA e Mëttwoch de Moien. De Parquet huet eng Enquête lancéiert. D’Wrack vum Bus gouf an der Nuecht op e Mëttwoch gebuergen. No enger ëmfangräicher Spueresécherung ass d’Strooss matten am Duerf e Mëttwoch de Moien nees opgaangen.