Champions LeagueBayern deklasséiert Atalanta Bergamo, Galatasaray iwwerrascht Liverpool

Jeff Birsens
Am Allersmatch vun den 1/8-Finallen huet den FC Bayern seng ganz Qualitéit gewisen a mat 6:1 zu Bergamo gewonnen.
TOPSHOT - Bayern Munich's French midfielder #17 Michael Olise celebrates scoring his team's second goal with teammates during the UEFA Champions League last 16, first leg football match between Atalanta and Bayern Munich at the Gewiss stadium in Bergamo, on March 10, 2026. (Photo by Marco BERTORELLO / AFP)
De Michael Olise huet mat senger staarker Leeschtung op en Neits all d’Blécker op sech gezunn.
© AFP

En Dënschdeg den Owend war an der UEFA Champions League mat den éischten Allersmatcher den Optakt vun den 1/8-Finallen.

Eng méi wéi kloer Saach war et zu Bergamo, wou sech den FC Bayern mat enger 6:1-Victoire géint Atalanta bescht Viraussetzunge fir eng Plaz an de 1/4-Finalle gesat huet. Gutt Kaarte fir déi nächst Ronn huet dann och Atlético Madrid, dee sech mat 5:2 géint Tottenham behaapte konnt. Newcastle a Barcelona hu sech mat engem 1:1 getrennt an eng Iwwerraschung gouf et dann um fréien Dënschdegowend zu Istanbul, wou Galatasaray mat 1:0 géint Liverpool gewonnen.

D’Retourmatcher ginn den nächste Mëttwoch gespillt.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Atalanta Bergamo - Bayern 1:6
0:1 Stanisic (12'), 0:2 Olise (22'), 0:3 Gnabry (25'), 0:4 Jackson (52'), 0:5 Olise (64'), 0:6 Musiala (67'), 1:6 Pasalic (90+3')

All d'Goler tëscht Atalanta Bergamo a Bayern München
No de sechs Goler vun de Gäscht aus München ass der Lokalekipp kuerz viru Schluss op d’mannst nach den Éieregol gelongen.

Quasi vun Ufank u goufen d’Haushären aus Bergamo an hir eegen Hallschent gedréckt an all ze laang sollt et dann och net daueren, bis den Drock op den eegene Gol eng éischte Kéier ze grouss gouf. No engem kuerz ausgefouerte Corner krut de Josip Stanisic de Ball perfekt virgeluecht, sou datt hien de Ball aus dräi Meter just nach hannert d’Linn drécke misst. Zéng Minutten drop war et dann e prezise Schoss vum Michael Olise a kuerz duerno ee gudden Ofschloss vum Serge Gnabry, wouduerch et no net mol enger hallwer Stonn schonn 3:0 fir d’Gäscht stoung. Den FC Bayern hat am weidere Spillverlaf eng Rei weider Chancë fir ze erhéijen, trotzdeem sollt et no 45 Minutten ouni weider Goler an d’Paus goen.

An der zweeter Hallschent hunn d’Gäscht an de rouden Trikoten da genee do weider gemaach, wou si virdrun opgehalen haten. Fir Atalanta ass am Spill no vir näischt gaangen an och hanne war ee vun der Münchener Qualitéit iwwerfuerdert. No engem Konter war et den Nicolas Jackson, deen op 4:0 gestallt huet. Gutt zéng Minutten drop hunn de Michael Olise an den Jamal Musiala mat de Goler Nummer 5 a 6 d’Saach ëmmer méi kloer gemaach. Eenzeg negativ Norichte fir d’Bayern waren nieft dem Géigegol an der 93. Minutt op dësem Owend nach, datt den Alphonso Davies op en Neits huet misse wéinst enger Blessure ausgewiesselt ginn.

Déi bescht Zeene vum Match Atalanta Bergamo géint Bayern München
Den FC Bayern huet sengem Géigner en Dënschdeg den Owend quasi keng Chance gelooss.

Atlético Madrid - Tottenham 5:2
1:0 Llorente (6'), 2:0 Griezmann (14'), 3:0 Alvarez (15'), 4:0 Le Normand (22'), 4:1 Porro (26'), 5:1 Alvarez (55'), 5:2 Solanke (76')

De Resumé vum Match Atlético Madrid géint Tottenham
Schonn no 22 Minutte louch d’Lokalekipp vu Madrid scho mat 4:0 a Féierung. Duerno konnt Tottenham de Schued op d’mannst nach e bësse reduzéieren

Newcastle - Barcelona 1:1
1:0 Barnes (86'), 1:1 Yamal (90+6')

De Resumé vum Match Newcastle géint Barcelona
An der 86. Minutt war Newcastle de Gol zur 1:0 Féierung gelongen, ma dat lescht Wuert vum Owend sollt an der Nospillzäit awer nach de Lamine Yamal hunn

Galatasaray - Liverpool 1:0
1:0 Lemina (7')

De Resumé vum Match Galatasaray géint Liverpool
Zu Istanbul ass der Ekipp vu Galatasaray géint de Favorit aus Liverpool duerch ee fréie Gol eng Iwwerraschung gelongen


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO