Och ënner neiem DirekterD'US-Zentralbank FED léisst de Leetzëns onverännert

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President Trump verlaangt jo eng däitlech Baisse vum Leetzëns. Dogéint schwätzt allerdéngs d'Suerg virun enger weiderer Inflatioun.
US-Dollarschäiner (Symbolbild)
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP/File

Déi amerikanesch Zentralbank "Federal Reserve" - kuerz FED - beléisst de Leetzëns fir den Dollar och ënnert dem neien Direkter Kevin Warsh onverännert bei tëscht 3,5 am 3,75 Prozent. Den Drock fir eng Hausse klëmmt allerdéngs. Vun den 12 Membere vum Direktiounskommitee, dem sougenannte "Board of Governors" hu sech e Mëttwoch dräi virum Hannergrond vum Iran-Krich fir eng Hausse vum Leetzëns ausgeschwat, dat ëm e Véierels Prozentpunkt.

Den US-President Trump verlaangt jo eng däitlech Baisse vum Leetzëns. Dogéint schwätzt allerdéngs d'Suerg virun enger weiderer Inflatioun. De Präis vum Pëtrol ass no de jéngsten US-Attacken an der Golfregioun nees geklommen.

Wéi et vun der FED heescht, wier d'Inflatioun an den USA weiderhin héich an och beim Chômagetaux an der wirtschaftlecher Aktivitéit hätt et zanter der leschter Decisioun iwwert de Leetzëns keng signifikant Ännerung ginn.

Back to Top
CIM LOGO