Interview mam Politikwëssenschaftler Josip Glaurdić"D'USA sinn ënnert der Trump-Administratioun keen Alliéierte méi vun Europa"

Cédric Ferry
Europa misst versichen, d'Grondprinzippie vun enger reegel-baséierter internationaler Uerdnung oprecht ze erhalen, sou dem Josip Glaurdić säi Constat.
Symbolbild
Symbolbild
© Shutterstock

Bannent de leschte Méint sinn d’USA an hirem aussepoliteschen Agéieren ëmmer méi aggressiv opgetrueden. Sief et d’Attacken op venezuelanesch Schëffer an internationale Gewässer, d’militäresch Interventioun a Venezuela, déi an der Entféierung vum venezuelanesche President Nicolas Maduro a senger Fra kulminéiert ass, d’Menace vum US-President Trump a Richtung Kolumbien oder säin unhalende Wonsch, dass d’USA d’Kontroll iwwer Grönland kréien.

“Ech denken, déi aktuell Administratioun gesäit d’Welt anescht ewéi d’USA dat bis ewell gemaach hunn an huet deementspriechend och en anere Bléck op hir Roll an der Welt. Si gesäit hir Prioritéiten definitiv an der westlecher Hemisphär.”
Josip Glaurdić

Eng verännert Roll vun den USA an en internationale System am Wandel

Virun deem Hannergrond stellt sech d’Fro, ob d’Roll vun den USA an der internationaler Politik amgaangen ass, sech ze wandelen, fort vun enger Hegemonie a méi a Richtung vun engem Imperium. Dozou misst ee wëssen, dass d’USA schonn ëmmer imperial Ambitioune gehat hätten, erkläert de Politikwëssenschaftler Josip Glaurdić vun der Universitéit Lëtzebuerg. Trotzdeem géif een den Ament kloer gesinn, dass d’Positioun, déi d’USA am internationale System anhuelen, amgaangen ass, sech ze wandelen. Dat rezent Agéiere vun den USA géigeniwwer Venezuela, d’Menace géigeniwwer Kolumbien, de Wonsch no Kontroll iwwer Grönland awer och d’Austrieden aus iwwer 60 internationalen Institutioun géif weisen, dass d’USA hir international Verflichtunge géifen opginn. Déi rezent Aussoe vum amerikanesche President Donald Trump an engem Interview mat der New York Times géifen engem an deem Kontext ze denke ginn: “Hien huet quasi gesot: ‘Ech brauch keen internationaalt Recht, ech ginn nëmmen duerch meng eege Moral ageschränkt.’ Wann ee sech ukuckt, wéi eng Moral de President vun de Vereenegte Staaten huet, ass dat sécherlech e Grond sech Suergen ze maachen.”

Et wier also definitiv esou, dass d’USA amgaange sinn, hir Roll am internationale System ze veränneren: “Verschiddener géife soen, dass et sech ëm e kontrolléierte Réckzuch aus der Positioun vun enger globaler Hegemonie hin zu enger hemisphärescher Hegemonie handelt. Do ass sécherlech eppes drun. Ech denken, déi aktuell Administratioun gesäit d’Welt anescht ewéi d’USA dat bis ewell gemaach hunn an huet deementspriechend och en anere Bléck op hir Roll an der Welt. Si gesäit hir Prioritéiten definitiv an der westlecher Hemisphär.”

De Wandel vun der Roll vun en USA am internationale System
Dem Josip Glaurdić no géif d’Trump-Administratioun d’Prioritéite vun den USA virun allem an der westlecher Hemisphär gesinn.

Mir géifen eis aktuell an de leschten Deeg vun der internationaler Uerdnung befannen, wéi mer se zanter dem Enn vum Kale Krich kannt hunn, dat wier sécher. Wat een dem Professer Glaurdić no awer misst verstoen, wier, dass dës Uerdnung zanter 25 Joer ëmmer nees erausgefuerdert gouf. Dat haaptsächlech vu Säite vun den USA: “Den zweeten Irakkrich kënnt engem zum Beispill an de Sënn. Dat war eng massiv Erausfuerderung fir déi reegel-baséiert international Uerdnung.”

D’EU muss sech der Erausfuerderung stellen

Aktuell wier et nach ganz schwiereg ze soen, wéi d’international Uerdnung an der Zukunft kéint ausgesinn. Aus europäescher Siicht wier et awer wichteg, d’Grondprinzippie vun der reegel-baséierter Uerdnung net opzeginn: “Dat wéinstens op eisem Kontinent. Well falls dat sollt passéieren, da wier eise Liewensstil eriwwer an dat wier en Desaster. Aus eiser Perspektiv musse mer also elo schonn no vir kucken op en Neiopbau vun enger internationaler Uerdnung, déi esou vill ewéi méiglech vun der reegel-baséierter Uerdnung enthält, wéi mir se virun der zweeter Trump-Administratioun kannt hunn. Dofir musse mer Partner fannen, déi eis dobäi kënnen hëllefen.”

Aktuell hätt ee Säitens der EU an hire wichtegsten Alliéierten e Spektrum u verschiddene Reaktiounen op d’Verhale vun de Vereenegte Staate gesinn. Am Allgemengen hätten déi wichtegst Europäesch Mächte sech awer méi oder manner nosiichteg géigeniwwer den USA gewisen an hätte bis ewell versicht, d’USA och ënnert der Trump-Administratioun bei der Staang ze halen: “Si hu sech iwwert dat lescht Joer wierklech Méi ginn, fir d’Trump-Administratioun zefridden ze stellen. Ma elo sti mer hei, e Joer méi spéit, an d’Resultater vun dëser Politik sinn en absolut Desaster. Um Ufank huet d’EU sech fir strateegesch Virsiicht entscheet a mat all weiderem Versuch, sech ze verbéien a sech verständlech ze weisen a mat all Versuch e Kompromëss ze fannen, verléiere mer ëmmer méi e grousst Stéck vun eis selwer.”

D'EU huet versicht d'Trump-Administratioun bei der Staang ze halen
Mat all Versuch, dat aktuellt Verhale vun den USA ze entschëllegen, géif d’EU Gefor lafen, e Stéck vu sech selwer ze verléieren.

Ma d’EU géif sech mat deem Verhalen nëmme selwer schueden: “All Kéiers wann s de deng laangfristeg Ziler, dat wat dech zu deem méchs, dat s de bass, op d’Spill setz - an d’normbaséiert Uerdnung ass dat, wat d’EU zu deem mécht, wat se ass - zu Gonschte vu kuerzfristegen Interessen, hues de scho verluer. A mir hunn dat ganzt lescht Joer iwwer verluer. An dat ass ganz onglécklech.”

Wann d’EU an Zukunft eng Roll a geopoliteschen Affäre wëll spillen, géif een net laanscht eng institutionell Reform kommen. D’Ofschafe vum Eestëmmegkeetsprinzip wier definitiv e Schratt, deen ee misst goen. Et géif awer schéngen, ewéi wann dat net am Interessi vun enger Partie wichtege Memberstaate wier, dës géifen am Géigendeel Länner ewéi Ungarn, d’Slowakei oder deelweis och Bulgarien, wann et ëm d’Fro vun Nordmazedonien geet, als Alibi benotzen, well si selwer net vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet wéilten ofrécken.

“A menger Siicht sinn d’USA ënnert dem Donald Trump net méi den Alliéierte vun Europa. Ma ab engem gewësse Punkt muss dat och den europäesche Politiker kloer ginn.”
Josip Glaurdić

Ma esoulaang d’EU net vum Eestëmmegkeetsprinzip géif ofrécken, géif d’EU dat bleiwen, wat se aktuell ass: “Mir wäerten an dëser politescher Schwief bleiwen, déi sech duerch eng Politik vum klengste gemeinsame Nenner auszeechent, déi keng wierklech Äntwert op d’politesch Erausfuerderunge vun eiser Zäit duerstellt. Dat ass einfach d’Natur vun der Saach. Bis dat passéiert, bis de Wëllen zu engem Wiessel wierklech do ass - virun allem op Plazen ewéi Berlin a Paräis - wäerte mir do bleiwe wou mir sinn a mir wäerten eng Muecht vun der zweeter Gamm bleiwen a mir wäerten eis mussen un Uweisungen halen, déi vun anzwousch anescht kommen.”

D'EU muss sech reforméieren
Ouni Reform géif een dem Josip Glaurdić no eng Muecht vun der zweeter Gamm bleiwen.

Fir dass et zu esou engem Wandel bannent der EU kënnt, misst dem Josip Glaurdić no awer zu engem Schock vu bausse kommen: “Ech denken, dat eenzegt, wat méiglecherweis zu engem Wiessel vun dëser Zort ka féieren, wier zum Beispill eng Decisioun vun den USA, fir Grönland gewaltsam anzehuelen oder eng massiv Eskalatioun vum Krich an der Ukrain, déi dozou féiere géif, dass d’Krichshandlungen op EU-Memberlänner iwwergräifen. Eng wierklech Eskalatioun an de sécherheetspoliteschen Erausfuerderungen, virun allem wann de Gruef tëscht de Vereenegte Staaten an den USA onvermeidlech géif ginn. Ma a menger Siicht ass dat scho geschitt. A menger Siicht sinn d’USA ënnert dem Donald Trump net méi den Alliéierte vun Europa. Ma ab engem gewësse Punkt muss dat och den europäesche Politiker kloer ginn.”

D’Relatioun tëscht EU an USA muss méi ausgeglach ginn

Et géif awer e Wee zeréck zu enger Allianz ginn, sollt zu Washington nees eng Administratioun an d’Amt kommen, déi der transatlantescher Allianz méi positiv géintiwwersteet. Et sollt ëmmer am strateegeschen Interessi vun der Europäescher Unioun sinn, d’USA als Alliéierten un hirer Säit ze hunn. Et wier ee quasi vun Natur aus mateneen alliéiert an et kéint een op Joerzéngten u Kooperatioun tëscht béide Säiten zeréckkucken. D’Potenzial fir Kooperatioun wier nach ëmmer immens grouss. D’europäesch Politik géif also virun der Erausfuerderung stoen, d’Relatioun mat den USA esou gutt ewéi méiglech oprecht ze erhalen, fir no engem Regierungswiessel d’Brécken zu den USA nees kënnen nei opzebauen. Ma aktuell kéint awer kee soen, wéi déi nächst US-Regierung ausgesäit a wéi den amerikanesche politesche System an zwee, véier oder zéng Joer ausgesäit. Et kéint een et sech als EU net erlaben vu fofzeg- oder honnertdausend Wieler an e puer US-Swingstates ofzehänken. Dowéinst misst d’Kräfteverhältnis an der Relatioun tëscht der EU an den USA zukünfteg méi ausgeglach sinn:

“Et muss laangfristeg zu engem Reamenagement vum Gläichgewiicht an dëser Relatioun kommen. E Reamenagement no deem Europa méi responsabel fir seng eege Verdeedegung ass. E Reamenagement, sou dass béid Säiten am Prinzip alles maachen.”

Back to Top
CIM LOGO