US-Ausseminister Marco RubioKubanesch "Technokrate" wiere bereet, mat den USA ze verhandelen

RTL mat AFP
Dem US-Ausseminister no hunn d'US-Sanktiounen dozou gefouert, datt verschidde Kubaner elo mat den USA verhandele wëllen.
Schonn an der Nuecht op e Sonndeg gouf et op Kuba kee Stroum.
Zanter Méint huet Kuba mat Stroumausfäll an änlechem ze kämpfen.
© YAMIL LAGE/AFP

Déi amerikanesch Sanktiounen hunn op Kuba eng schwéier ekonomesch Kris ausgeléist an dowéinst wieren elo d'Technokraten, seet den US-Ausseminister Marco Rubio, bereet, fir mat den USA ze verhandelen.

"Ech mengen, datt et verschidde Persoune ginn, eventuell Technokraten, mat deene mer schaffe kéinten", sot den Marco Rubio an enger parlamentarescher Kommissioun. "Wa mer an der Hierarchie méi héich klammen, gëtt dat wéinst den Ideologie vu verschiddenen awer méi komplizéiert," huet den Ausseminister weider ergänzt.

D'Relatiounen tëscht den USA a Kuba sinn zanter Januar däitlech ugespaant. Washington hat eng Blockad op Pëtrolsproduiten opgebaut an all Entreprisen a Länner, déi Kuba trotzdeem beliwwere géifen, mat Sanktioune gedréit.

Den US-President gesäit déi kommunistesch gefouert Insel, déi eng 150 Kilometer virun der Küst vu Florida läit, als eng "extraordinär Menace" fir d'Sécherheet vun den USA. Hien hat scho méi dacks ugedeit, datt hien d'Kontroll wéilt iwwerhuelen. Déi zwou Regierungen hunn dann awer ëmmer nees betount, datt diplomatesche Kontakt géif bestoen.

Et gi "kloer verschidde Persounen, déi ronderëm déi sinn, déi d'Muecht hunn, déi verstinn, datt et esou, wéi et elo ass, net liewenswäert ass an datt ee Reforme brauch", esou e Rubio. "Mä leider hunn déi Persoune keng Muecht. A souguer, wa si der hätten, wéisste si net, wéi si et maache sollten".

Den Diplomatiechef, dee selwer kubanesch Wuerzelen huet, huet zouginn, datt d'Situatioun op der Insel hie perséinlech trëfft an huet ënnerstrach, datt et säin Zil wier, Chaos ze evitéieren.

Back to Top
CIM LOGO