Éischt Kéier zënter 10 JoerD'Zuel vu Flüchtlingen ass den Ament réckleefeg

RTL Lëtzebuerg
Dat kléngt den éischten Ament gutt, allerdéngs mat engem grousse "Mä" hannendrun, sou d'UNHCR.
© afp

Fir déi éischte Kéier zanter 10 Joer ass déi weltwäit Zuel vu Flüchtlinge réckleefeg, dat mellt op alle Fall d'UNO-Flüchtlingswierk UNHCR. Am Laf vum leschte Joer wieren 41,6 Millioune Leit viru Gewalt a Konflikter aus hirer Heemecht fortgelaf. 3% manner wéi d'Joer virdrun.

Dat kléngt den éischten Ament gutt, allerdéngs gëtt e grousse "Mä" deen am Raum steet, seet den UNO-Héichkommissär Barham Salih dozou. Verschidde Länner hätte Refugiéen nämlech zejoert gezwongen, nees heem ze goen, och wann et do net wierklech sécher ass.

Plakeg Zuele wieren doduerch éischter mat Virsiicht ze genéissen. Am meeschte Flüchtlinge gëtt et iwwregens a Kolumbien mat 2,8 Milliounen. Knapp hannendru läit Däitschland mat 2,7 Milliounen an dann d'Tierkei mat 2,4 Milliounen.

Back to Top
CIM LOGO