Geriicht confirméiertPatrick Bruel offiziell wéinst Vergewaltegung inculpéiert

RTL mat AFP
De 67 Joer ale franséischen Sänger a Schauspiller muss sech wéinst diverse Virwërf vu sexuellen Iwwergrëffer a Mëssbrauch veräntweren.
De Patrick Bruel
De Patrick Bruel
© ALAIN JOCARD/AFP

A Frankräich ass de Sänger a Schauspiller Patrick Bruel offiziell wéinst Vergewaltegung inculpéiert. Him ginn ausserdeem sexuell Belästegung a sexuell Iwwergrëffer virgehäit. Dat huet den zoustännege Riichter e Mëttwoch den Owend zu Nanterre confirméiert. Et géif Reproche vun bal zwou Dose presuméierten Affer.

De 67 Joer ale Bruel brauch awer net an Untersuchungshaft, och wann de Parquet dëst gefuerdert huet. Hie bleift ënner Opsiicht vun der Justiz op fräiem Fouss, bis et zu engem Urteel kënnt.

Hie selwer streit all d'Faiten of. Hien hätt "nimools eng Fra gezwongen", esou de Bruel an de soziale Medien. Bis September huet hien all seng Concerten ofgesot.

Back to Top
CIM LOGO