Am Kader vun der Visitt hu béid Länner och eng Lettre d'intention ënnerschriwwen, fir déi bilateral Kooperatioun ze renforcéieren. Dat am Kader vun der Verdeedegung vun der Ostflank. Dozou gehéiere virop weider Kapazitéiten an der militärescher Satellittekommunikatioun, déi de Grand-Duché dem baltesche Land zur Verfügung stellt. Ee Beräich, an deem Lëtzebuerg eng reell Valeur ajouté hätt, huet d'Defenseministesch Yuriko Backes op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat hirem litaueschen Homolog betount.
"Dir wësst, dass mer de GovSat 1 hunn, deen awer elo voll ass mat senge Kapazitéiten. GovSat 2 ass duerch d'Chamber a gëtt elo gebaut. Dann hu mer de LUXEOSys, wat d'Observatiounscapacitéite sinn. alles dat si Saachen, déi si natierlech immens och interesséieren."
D'Lëtzebuerger Arméi ass zanter 2018 a Litaue present, fir déi kollektiv Verdeedegung vum NATO-Territoire, aktuell mat siwen Zaldoten. Dat eben am Beräich vun der Satellittekommunikatioun awer och vun der Logistik. Anescht ewéi a Rumänien wier aktuell net geplangt, d'Presenz vun der Lëtzebuerger Arméi op der NATO-Basis zu Rukla ze verstäerken, huet déi zoustänneg Ministesch op Nofro präziséiert. Virum Hannergrond vum Krich an der Ukrain, si sech béid Länner awer eens, datt weider muss an d'Defense investéiert ginn.
"D'Ukrain verdeedegt net nëmme sech selwer, mee ganz Europa, besonnesch d'Ostflank vun Europa a vun der NATO. Aus litauescher Siicht hu mir e staarkt Engagement. All Joer 0,25% vun eisem PIB fir d'Ukrain. Zanter dem Ufank vum Krich hu mir schonn iwwer 1 Milliard Euro investéiert."
Litauen wier ënnert anerem amgaangen, d'Dronenofwiersystemer an d'Loftofwiersystemer ze renforcéieren, huet de Robertas Kaunas präziséiert. Dobäi géing d'Satellittekommunikatioun eng grouss Roll spillen. Hie géing iwwerdeems net gesinn, datt de russesche President iergendwéi bereet wier ze negociéieren. Den eenzege Wee eescht geholl ze gi vu Moskau, wier andeems ee staark arméiert Forcen opbaut.