Presidentschaftswalen um Cap VertEng éischte Kéier steet och eng Fra zur Wiel, aktuelle President bleift Favorit

RTL Lëtzebuerg
Ronn 426.500 Leit sinn opgeruff dëse Sonndeg wielen ze goen, dorënner 76.900, déi am Ausland liewen.
Den aktuelle President José Maria Neves zielt zu de Favoritten.
© QUEILA FERNANDES/AFP

Um Cap Vert gëtt um Sonndeg en neie President oder eng Presidentin gewielt. Zur Wiel sti 6 Leit, dorënner den aktuelle President José Maria Neves, a mat der Joana Rosa Amado och eng éischte Kéier eng Fra.

Den Inselstaat, eng 600 Kilometer virun der Côte vu Senegal, gëllt als stabil Demokratie an där Regioun. De President ass Staatschef an huet en éischter representative Posten. Déi Persoun vertrëtt d'Land no baussen a soll assuréieren, datt d'Verfassung agehale gëtt.

Wirtschaftlech hunn d'Kapverden an de leschte Jore Fortschrëtter gemaach, virun allem dank dem Tourismus. Trotzdeem bleiwe grouss Erausfuerderungen: héich Liewenskäschten, deier Spritpräisser, Jugendaarbechtslosegkeet, sozial Ongläichheeten an déi schwiereg Verbindungen tëscht den Inselen. Zanter der Corona-Pandemie wanderen zudeem vill jonk a gutt ausgebilte Leit aus, wat zu engem Mangel un Aarbechtskräfte féiert.

Déi wichtegst Kandidaten verspriechen dofir ënner anerem, d'Loft- a Mieresverbindungen tëscht den Inselen ze verbesseren an zousätzlech Logementer fir Touristen ze schafen.

Back to Top
CIM LOGO