Serie US-Presidentiellen (1)Esou gëtt den amerikanesche President gewielt

RTL Lëtzebuerg
An den USA gëtt de President zanter 1788 vum Vollek gewielt. Dat passéiert an engem Virgang, deen eenzegaarteg op der Welt ass.
© RTL Grafik

De 5. November kuckt d’Welt op d’USA. Op dësem Dag decidéiert sech nämlech, ob d’Kamala Harris oder den Donald Trump den nächsten US-President gëtt. Ronn 244 Milliounen Amerikanerinnen an Amerikaner dierfen hir Stëmm bei den amerikanesche Presidentiellen ofginn.

Dës Walen, déi allgemeng als déi wichtegst op der Welt gëllen, lafen allerdéngs ganz anescht of, ewéi mir dat hei zu Lëtzebuerg kennen. Mir sinn et gewinnt, Deputéierter ze wielen, déi an d’Chamber kommen. Duerno ass et dann un de Parteien, déi an der neier Chamber sinn, eng Majoritéit ze fannen a sech op e Regierungsprogramm ze eenegen.

An den USA ass de President net nëmmen de Regierungschef (Ewéi bei eis de Premier), mä och gläichzäiteg de Staatschef. Hie muss keng Majoritéit am Parlament hannert sech bréngen, mä gëtt vum Vollek gewielt. Eng zentral Roll bei dëser Wal spillt de Walleit-Kommitee, de sougenannten “Electoral College”.

270 Stëmmen, fir President ze ginn

Den Electoral College besteet aus 538 sougenannte Walleit, déi am Numm vun de Bundesstaate fir de Presidentschaftskandidat vun enger Partei ofstëmmen. Fir President ze ginn, muss e Kandidat eng Stëmm méi ewéi d’Hallschent vun de Walleit am Electoral College kréien, also 270.

Firwat eigentlech 538 Walleit?

Wéi vill Walleit e Bundesstaat huet, hänkt haaptsächlech vun der Zuel vu sengen Awunner of. Op ee Vertrieder am Electoral College komme ronn 608.000 Awunner vun engem Bundesstaat. Bundeslänner mat méi Awunner hunn also méi Walleit. Allerdéngs ass d’Zuel vun de Walleit, déi e Staat zegutt huet, net reng proportionell zu der Zuel vun den Awunner. Déi amerikanesch Verfassung gesäit nämlech vir, dass all Bundesstaat op d’mannst dräi Walleit huet (zwee pro Senateur an ee pro Deputéierten am Representantenhaus). Bundesstaate mat villen Awunner stellen also méi Walleit, ewéi Staate mat wéinegen Awunner. Déi meeschte Walleit stellt mat 54 Kalifornien. Op der anerer Säit ginn et eng Partie Staaten, déi nëmmen de Minimum vun dräi Walleit stellen. Dat sinn zum Beispill eng Partie flächeméisseg kleng Staaten un der Ostküst ewéi Delaware oder Vermont awer och grouss Staaten, déi wéineg besidelt sinn, ewéi Alaska oder Wyoming.

© RTL Grafik

An 48 Bundesstaaten an am District of Columbia kritt de Kandidat, deen déi meeschte Stëmme krut, alleguer d’Stëmme vun dësem Staat am Electoral Collage. Déi zwou Ausname si Maine an Nebraska. Hei ginn d’Walleit méi proportionell zum Resultat vun de Walen zougedeelt. Dat funktionéiert esou, dass de Kandidat, deen déi meeschte Stëmmen am Bundesstaat krut, zwee Walleit kritt. Duerno kritt de Gewënner vun den eenzele Walbezierker jeeweils ee Walmann. Dat kann de Kandidat sinn, deen déi meeschte Stëmmen am ganze Bundesstaat krut, muss awer net. Deemno kann et passéieren, dass d’Walleit vun dëse Staaten un zwee verschidde Kandidate ginn.

Wéi gëtt decidéiert, wien d’Walleit sinn?

An den USA gëtt de President also net direkt vum Vollek gewielt. Zwar heescht et, dass d’Leit de President wielen, tatsächlech wiele si awer d’Walleit vum Bundesstaat an deem si liewen. Konkret leeft dat esou of, dass all US-Bierger, dee wielen dierf a wëll, de 5. November a säi Walbüro geet an do seng Stëmm fir d’Kamala Harris oder den Donald Trump ofgëtt.

Wann déi 244 Millioune Wielerinnen a Wieler de 5. November an hirem jeeweilege Bundesstaat hir Stëmm fir ee vun de Presidentschaftskandidaten ofginn, stëmme si also net fir ee vun de Kandidate selwer, mä fir d’Walleit vum Kandidat senger Partei an hirem Bundesstaat.

Dës Aart a Weis fir e President ze wielen, kann allerdéngs eng ongewollte Konsequenz mat sech bréngen. Wéi eng dat ass, gitt Dir am Artikel vun e Samschdeg gewuer.

Back to Top
CIM LOGO