
Dës ambitionéiert Deadline nennen däitsch a franséisch Experten an engem gemeinsame Rapport, deen en Dënschdeg zu Bréissel presentéiert gouf. An dësem heescht et, dass d’EU sech bis 2023 bereet maache sollt, fir déi 8 Länner opzehuelen. An Direktioun vun de concernéierte Länner ass et d’Opfuerderung, dorop hinzeschaffen, bis dohinner alleguerten d’Bäitrëttskrittären ze erfëllen.
Bei de Kandidaten handelt et sech nieft der Ukrain a Moldawien ëm d’Westbalkanlänner Albanien, Bosnien-Herzegowina, Kosovo, Nordmazedonien, Montenegro a Serbien.
Vun der däitscher Politik gouf et en Dënschdeg positiv Reaktiounen op de Rapport vum Expertegrupp. Vun der däitscher Staatsministerin fir Europa a Klima Anna Lührmann vun den däitsche Gréngen huet et geheescht, déi däitsch Regierung géif de Virstouss grondsätzlech ënnerstëtzen. Allerdéngs géif ee sech schwiereg Debaten tëscht de 27 EU-Memberlänner erwaarden. D’EU misst elo déi néideg intern Reforme maachen, fir fir d’Opnam vun neie Membere prett ze sinn. Der Lührmann no missten dës Reforme wärend der nächster Legislaturperiod vum Europäesche Parlament. Also tëscht Juni 2024 an 2029 ëmgesat ginn.
Op franséischer Säit sinn d’Reaktiounen op de Rapport méi zeréckhalend. D’franséisch Staatssekretärin fir Europa Laurence Boone, déi de Rapport mat an Optrag ginn hat, huet betount, dass et sech net ëm eng offiziell Propos vu béide Regierungen handele géif. Frankräich huet an de leschte Joren zu de skepteschste Länner gezielt, wat EU-Erweiderunge betrëfft. Dat och aus Angscht virun engem weideren Opwand fir rietspopulistesch Parteien.
Am Experte-Rapport heescht et ënner anerem, dass d’EU sech reforméiere misst, fir mat méi ewéi 27 Memberlänner handlungsfäeg ze bleiwen. Ënner anerem misst ee bei zentrale Politikfelder wéi der gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik oder der Steierpolitik vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet ewechkommen an op de Wee vu Majoritéitsvotte goen.
Well vill kleng Länner an deem Fall fäerten, reegelméisseg iwwerstëmmt a vun enger däitsch-franséischer Dominanz erdréckt ze ginn, gesäit de Rapport eng Zort Sécherheetsnetz vir. E Land kann uginn, dass en Thema vu besonneschen nationalen Interessi ass. An deem Fall kënnen d’EU-Saate mat enger einfacher Majoritéit decidéieren, de Sujet op d’Agenda vum Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen ze setzen, wou d’Decisiounen unanime geholl ginn.
Schliisslech plädéieren d’Experten och dofir, dass Memberlänner de Choix hunn, sech a verschidde Politikberäicher net un enger gemeinsamer EU-Politik ze bedeelegen. Et bréicht en Europa vun de verschiddene Vitessen, wier Blockaden ze verhënneren.