
Dat huet den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg e Freideg decidéiert. Domat huet den EuGH op d’Froe vun engem éisträichesche Geriicht geäntwert. Den éisträicheschen Dateschutz-Aktivist Maximilian Schrems hat hei géint d’Analys vu senge perséinlechen Donnéeën duerch “Meta”, de Mammekonzern vu Facebook geklot. Dobäi ass et ëm Informatiounen iwwert dem Mann seng sexuell Orientéierung gaangen.
Dësen hat op enger ëffentlecher Podiumsdiskussioun iwwert seng Homosexualitéit geschwat. Den ieweschten éisträichesche Geriichtshaff huet dem EUGH an deem Kontext Froen zum Dateschutz gestallt.
Wéi den EuGH duergeluecht huet, späichert Facebook perséinlech Donnéeë vu sengen Notzer. Dat esouwuel wann dës op der Plattform selwer aktiv sinn, ewéi och wa si aner Internetsitte besichen. Op der Basis vun dësen Donnéeë kéint Meta dann an dësem Fall erkennen, dass de Mann eng Interessi u verschiddene Saachen hätt.
Doduerch, dass de Mann seng sexuell Orientéierung bei engem ëffentlechen Debat public gemaach huet, kéint et sinn, dass hien der Anayls vun dëser Informatioun zougestëmmt huet. Hei misst awer déi éisträichesch Justiz tranchéieren, esou den Europäesche Geriichtshaff. Allerdéngs géif de Fait, dass de Mann seng Sexualitéit ëffentlech gemaach huet, et Facebook net erlaben alleguer d’Donnéeën iwwert dës vun anere Websäiten ze sammelen an op onbestëmmten Zäit ofzespäicheren an ze verschaffen.
Ewéi den EuGH erkläert, wier an der Europäescher Dateschutz-Kommissioun de Grondsaz vun der sougenannter “Date-Miniméierung” gëllen. Dowéinst kéinten net alleguer déi persounebezunnen Donnéeën, déi d’Notzer op Facebook oder op anere Sitten hannerloossen, op onbestëmmten Zäit an ouni Récksiicht drop, ëm wéi eng Zort Donnéeën et sech handelt, gespäichert a fir d’Erstelle vun personaliséierte Reklammen, analyséiert ginn.
Eng éischt Kritik iwwer d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff kënnt vum Verband vun der der däitscher Telekommunikatiounsbsbranche “Bitkom”. D’Urteel géif nei juristesch Froen opwerfen a weider juristesch Onsécherheete schafen. Et déif ënner anerem onkloer bleiwen, wéi een d’Veraarbechtung vun den Donnéeë sollt limitéieren, a wat dat fir d’Veraarbechtung vun deene verschiddenen Typpe vun Donnéeën ewéi zum Beispill d’Internetsitten, déi en Notzer besicht huet, oder d’Preferenzen, déi hien op dësen uginn huet, konkret bedeit.