Wat geschitt bei engem techneschen Tëschefall am Atomkraaftwierk zu Cattenom a wéi ass de Flux an Oflaf vun Informatiounen tëscht Frankräich, Däitschland an dem Grand-Duché ze geréieren?
Deen Noutfall-Exercice gëtt en Donneschdeg vun allen implizéierten Acteuren duerchgespillt. Zil ass et, ze kontrolléieren, wéi d'verschidden Urgencë-Pläng oflafen an natierlech wéi d'Populatioun informéiert, geschützt an och guidéiert gëtt.
Parallel mussen natierlech och all d'Inzidenze bannent der Atomzentral wärend dëser Simulatioun kommunizéiert ginn - a genee dës Weeër gi mat verschiddenen Zenarien en Donneschdeg an e Freideg getest. Déi verschidde Cellulle sinn ënner anerem zu Metz, mee och zu Senneng etabléiert, wou den Ieweschte Kommissariat fir d'National Sécherheet de Lead huet.
Zu Lëtzebuerg wäerte véier Strukturen aktiv sinn:
Den LU-Alert wäert net getest ginn. D’Cellule communication et information wäert zwar Messagë virbereeden, dës ginn awer net un de Grand public eraus geschéckt. Op der franséischer Säit wäert den FR-Alert awer getest ginn. Et kéint also sinn, dass Leit, déi sech no bei der Grenz ophalen, den Test-Message vu franséischer Säit aus kéinte kréien.