6 Froen un den Dr. Marc HenrionFirwat verbreet sech d'Cholera am Malawi esou staark?

Sarah Cames
Zanter méi wéi fënnef Joer ass de Lëtzebuerger Dr. Marc Henrion am Malawi schonn als Biostatistiker aktiv.
6 Froen un den Dr. Marc Henrion
Firwat verbreet sech de Cholera am Malawi den Ament esou staark?

Am Land am Südoste vun Afrika grasséiert den Ament eng besonnesch schwéier Cholera-Epidemie. Wat dat fir d’Mënschen am Malawi bedeit a wéi den Dr. Henrion mat senger Aarbecht dozou bäidroe kann, zukünfteg Epidemië besser ënner Kontroll ze kréien, doriwwer hu mir mat him am Interview geschwat.

Un engem medezinesche Rechercheinsitut an der Stad Blantyre, eng fënnef Stonnen nërdlech vun der Haaptstad Lilongwe, bedeelegt sech den Dr. Henrion um “Malawi-Liverpool-Wellcome” Clinical Research Program. Hie leescht net nëmme statistesche Support fir aner Chercheuren um Institut, mee mécht och selwer statistesch Recherchen.

Als Statistiker ass den Dr. Henrion u relativ vill Projete bedeelegt. Ënnert anerem schafft de Lëtzebuerger den Ament un engem Projet, deen am Kontext vun der Covid-Pandemie an d’Liewe geruff gouf a mat deem iwwer Bluttprouwen iwwerwaacht soll ginn, wéi eng Infektioune grad an der Populatioun ënnerwee sinn. De Projet kann ënnert anerem zu der Fréierkennung vu méiglechen Epidemië bäidroen. D’Prouwen, déi schonn do sinn, ginn elo och op Cholera ënnersicht.

D'Laborantin Mary Charles ënnersicht Prouwen vu Shigellen-Bakterien. Am nämmlechte Labo gëtt och mat Cholera-Prouwe geschafft.
D’Laborantin Mary Charles ënnersicht Prouwen vu Shigellen-Bakterien. Am nämmlechte Labo gëtt och mat Cholera-Prouwe geschafft.
© Marc Henrion

Obwuel d’Cholera, deen onbehandelt zu extremer Dehydratatioun an och zum Doud ka féieren, am Malawi zanter Joren endemesch ass, grasséiert am Land am Südoste vun Afrika zanter Mäerz eng gréisser Epidemie. Bis zum 11. Januar 2023 goufe schonn eng 750 Doudesaffer a bal 23.000 Infektioune registréiert, an dat am ganze Land, wou Ausbréch soss éischter lokal begrenzt waren. Den Taux de mortalité läit den Ament bei 3,3 Prozent, obwuel e sech soss éischter ronderëm 1 Prozent beweegt.

“Do wäerten dann och Investigatioune sinn, fir erauszefannen, firwat et sech d’lescht Joer anescht entwéckelt huet. Zur Zäit ass et awer Prioritéit, fir d’medezinesch Versuergung vun de Patienten a vun der ëffentlecher Gesondheet ënner Kontroll ze kréien”, esou den Dr. Henrion.

Als bakteriell Infektioun ass d’Cholera u sech relativ einfach ze behandelen. Et gëtt eng Impfung, déi eemoleg och a Form vu Flëssegkeet ka geholl ginn. Bei aktiven Infektioune muss de Patient hydratéiert a mat Elektrolytte versuergt bleiwen. A méi schwéiere Fäll kënnen och Antibioticken an den Asaz kommen.

An der Reesaison ass et ronderëm d'Stad Blantyre relativ gréng. D'Flëss an d'Baache sinn allerdéngs staark polluéiert a kënnen de Cholera weider verbreeden.
An der Reesaison ass et ronderëm d’Stad Blantyre relativ gréng. D’Flëss an d’Baache sinn allerdéngs staark polluéiert a kënnen de Cholera weider verbreeden.
© Marc Henrion

D’Cholera verbreet sech besonnesch iwwer verknaschte Waasser oder Iessen onheemlech séier vu Mënsch zu Mënsch. Dat ass virun allem e Problem an dicht populéierte Gebitter, wou et och net onbedéngt eng funktionéierend Kanalisatioun gëtt. Den Dr. Henrion nennt do zum Beispill d’Slums an a ronderëm d’Stied.

Obwuel den ëffentleche Gesondheetssystem gratis ass, feelt et am Malawi u villem. Net nëmme wier ee Manktem u Medikamenter, Diagnostik-Apparater a qualifizéiertem Gesondheetspersonal do, dacks géif et an de Spideeler och emol kee Stroum oder fléissend Waasser ginn. Dat wier frustréierend fir d’Dokteren, déi mam richtegen Equipement hëllefe kéinten, awer Patiente wéinst der Versuergungslag dann awer net adequat traitéiere kënnen. Och den Zougang zu Ambulanze wier limitéiert, esou datt Patienten dacks guer net oder eréischt spéit mat Minibusser selwer an d’Spideeler kommen, esou den Dr. Henrion am RTL-Interview.

Den Health Center nieft dem Haaptspidol zu Blantyre. Am wäissen Zelt am Hannergrond gi Cholera-Patiente betreit.
Den Health Center nieft dem Haaptspidol zu Blantyre. Am wäissen Zelt am Hannergrond gi Cholera-Patiente betreit.
© Marc Henrion

Fir der Situatioun meeschter ze ginn an infizéiert Patiente besser vun der allgemenger Populatioun trennen ze kënnen, si vill kleng Klinicken a sougenannten “Cholera Camps” ëmgewandelt ginn, wou d’Patiente behandelt ginn. “Déi Campe si keng flott Plaz, fir mussen do ze sinn. Better mat Pottien a soss ass elo näischt do. Wann d’Leit bis besser sinn, da wëllen d’Leit fort an d’Personal wäert wuel och d’Better brauchen, fir déi nächst Leit”, esou den Dr. Henrion.

Trotz der aktueller Epidemie ass den Dr. Henrion am Malawi ganz zefridden. Seng Aarbecht hätt do dacks e méi staarken Effekt, wéi se et an aneren Deeler vun der Welt kéint hunn: “Et gi wéineg Plazen op der Welt, wou een esou direkt den Impakt gesäit, vun deem wat ee mécht”.

Wéi ee Bäitrag kënnt Dir mat Ärer Aarbecht leeschten?
Den Dr. Marc Henrion iwwert seng Aarbecht am Malawi.

Back to Top
CIM LOGO