
E puer Dosen Dierfer si bedeckt. Der nationaler Noriichtenagence PNA no, déi sech op d'Autoritéite berifft, sinn och éischt Lava-Stréim biergof gelaf. Pompjeeën a Rettungsekippe wären ënnerwee an d'Géigend, fir den Awunner aus den 52 concernéierten Uertschaften ze hëllefen.
De Mayon - ongeféier 330 Kilometer südëstlech vun der Haaptstad Manila a knapps 2.500 Meter héich - ass deen aktiivste Vulkan op de Philippinnen. Zanter dem Ufank vum Joer weist en nees eng erhéicht Aktivitéit. E brécht ëmmer nees aus.