Prozess wéinst VergewaltegungBritteschen Acteur Russell Brand zu zéng an engem hallwe Joer Prisong verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
E Geriicht zu London huet de brittesche Komiker a Schauspiller Russell Brand wéinst Vergewaltegung a sexuellen Iwwergrëffer zu zéng an engem hallwe Joer Prisong verurteelt.
De Russell Brand, wéi en zu London an d'Geriichtsgebai erageet.
De Russell Brand, wéi hien zu London an d'Geriichtsgebai erageet.
© JUSTIN TALLIS/AFP

Den 51 Joer alen Ex-Mann vum US-Popstar Katy Perry souz ouni Reaktioun op der Uklobänk, wéi d'Strofmooss e Méindeg verlies gouf. De Riichter huet de Brand dobäi als "Sexualstroftäter" bezeechent, dee seng Berüümtheet ausgenotzt an eng "erstaunlech Arroganz" a "Veruechtung" géigeniwwer sengen Affer gewisen hätt.

De Russell Brand war scho leschten Donneschdeg wéinst enger Vergewaltegung an dräi sexuellen Iwwergrëff aus de Joren 2004 bis 2009 schëlleg geschwat ginn. Vum Virworf vu Vergewaltegung an zwee weidere Fäll an engem versichte sexuellen Iwwergrëff gouf hie fräigeschwat.

De Parquet hat den Acteur accuséiert, an de Joren 1999 bis 2009 sexuell Iwwergrëffer op sechs Frae bis hin zur Vergewaltegung verüübt ze hunn. Hie selwer hat an all Uklopunkt op onschëlleg plädéiert.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO