Äntwert op Maniffe vu Gewerkschaften a JonkenFrankräich setzt Mindestloun ëm 1,6 Prozent erop

RTL Lëtzebuerg
Frankräich setzt de Mindestloun erop. D‘Regierung huet annoncéiert, datt de Mindestloun vum 1. Dezember un ëm 1,6 Prozent an d‘Luucht geet.
De franséische Premierminister Sébastien Lecornu.
© Shutterstock

Dëst als Äntwert op déi sëllege Manifestatioune vu Gewerkschaften a Jonken déi lescht Wochen. Zanter 2012 ass de Smic a Frankräich net méi ugepasst ginn.

E Méindeg a Nomëtteg kënnt de Premier Sébastien Lecornu dann och mat Vertrieder vun de Lycéesschüler a Studente fir Gespréicher zesummen.

Back to Top
CIM LOGO