
D’Agence nationale des titres sécurisés (ANTS), déi a Frankräich d’Demandë fir d’Ausweisdokumenter geréiert, hätt de 15. Abrëll no engem Tëschefall bei der Cybersécherheet e Leck bei den Donnéeë bemierkt. Dat huet de franséischen Inneministère e Méindeg an engem Communiqué matgedeelt.
Wéi et an dësem heescht, wieren Donnéeë vu Privatpersounen a Professionelle betraff. Et géing sech ëm perséinlech Informatioune wéi Nimm a Virnimm, E-Mail-Adressen a Gebuertsdatumer handelen. De Parquet wier informéiert an eng Enquête an d’Weeër geleet ginn.