EU-Bäitrëtt UkrainOffiziell Verhandlunge fänken un a kéinte Joren daueren

Raphaëlle Dickes
Am Kontext vun deene Verhandlungen hu mir mam polneschen Ausseminister Radoslaw Sikorski iwwer déi ukrainesch Chancë fir e Bäitrëtt geschwat.
Ukrainesch EU-Bäitrëttsverhandlunge fänken un
Dem polneschen Ausseminister Radoslaw Sikorski no kéinten d'Verhandlunge Joren daueren.

D’Ukrain hat kuerz nom Ufank vun der russescher Aggressioun am Februar 2022 seng Kandidatur agereecht, fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn. Véier Joer méi spéit fänken e Méindeg den Owend, nom EU-Ausseministerrot um Kierchbierg, déi offiziell Bäitrëttsverhandlungen un. Am Virfeld hat RTL d’Geleeënheet, mam polnesche Vizepremier an Ausseminister Radosław Sikorski ze schwätzen.

„Grousse strategeschen Interêt“ fir d’EU

Fir de Sikorski ass eng EU-Memberschaft vun der Ukrain net nëmmen am Interêt vum Land selwer, mee och vun der europäescher Unioun. Et géif och drëms goen, dem ukrainesche Vollek eng Perspektiv ze bidden.

De polneschen Ausseminister erënnert un d’Massen-Demonstratiounen um Maidan 2013-14. Honnertdausende Leit wären op d'Strooss gaange fir eng europäesch Zukunft vun hirem Land. “Et waren déi gréisst pro-europäesch Demonstratiounen an der Geschicht vun Europa. 800.000 Leit sinn op d'Strooss gaange fir déi europäesch Aspiratioune vun der Ukrain.”

De Courage an d’Sacrificer vun senge Bierger hätten dozou bäigedroen, datt d’Ukrain de Kandidatestatus krut. Gläichzäiteg mécht de polneschen Ausseminister awer kloer: dee schwéiere Wee fänkt elo eréischt un. D’Ukrain misst europäescht Recht konkret ëmsetzen an déi néideg Krittären erfëllen.

„Net just Symbolik“

Och de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot gesäit keen schnelle Bäitrëtt. Et géif net nëmmen ëm wirtschaftlech oder sozial Standarde goen, mee ëm grondsätzlech Reformen, virun allem beim Rechtsstaat. Fir sech un den europäeschen Ideal vun Demokratie a Fräiheet unzepassen, misst d’Ukrain hir Reegelen déifgrënneg änneren, esou de Jean-Noël Barrot e Méindeg de Moie bei senger Arrivée um Rot vun den EU-Ausseministeren.

Sinn dës Bäitrëttsverhandlunge méi wéi Symbolik? D'Fro stellt sech, vu datt d'Ukrain nach ëmmer am Krich ass an et rezent nees zu Korruptiounsvirwërf an héchste politesche Kreesser koum. Et wär méi wéi Symbolik, ënnersträicht den däitschen Ausseminister Johann Wadephul. “Weil ja in der Substanz jetzt Verhandlungen geführt werden. Und ich glaube, dass die Ukraine ernsthafte Anstrengungen unternimmt um den acquis communaitaire zu erreichen, aber das ist eine lange Wegstrecke. Das ist nicht morgen erreicht.” Et wär en historeschen Dag fir d’Ukrain an d’EU, betount den Däitsche Chefdiplomat.

“EU soll sech net amëschen”

Russland kéim am Krich säit Méint net méi virun, d'Ukrain iwwerdeems géif mat senge wäitreechenden Attacken déi russesch Wirtschaft seriö schiedegen. Esou d'Analyse vum polneschen Ausseminister Sikorski. De Wladimir Putin wär gutt beroden, de Krich elo op en Enn ze bréngen. D’Ukrain hätt sech bereet gewisen, enger Wafferou laanscht déi aktuell Frontlinn zouzestëmmen – als Basis fir weider Verhandlungen.

Gläichzäiteg warnt de Radosław Sikorski awer: ouni Wafferou sollt ee sech net op Gespréicher mat Russland aloossen. Dem Wladimir Putin wär net ze trauen. Och sollt d’EU sech net tëscht Moskau a Kiew amëschen. Wann de russesche President wierklech Fridde wéilt, da géif hie schonn dem Wolodimir Selenskyj seng Nummer fannen.

Nei Sanktioune géint Russland

D’EU-Ausseministeren hunn e Méindeg nei Sanktioune géint Russland decidéiert. Dës riichte sech virun allem géint de militäresch-industrielle Komplex vum Land a sollen d’Fäegkeet vu Russland, de Krich weider ze féieren, schwächen.

Back to Top
CIM LOGO