Montenegrinesche Premier Milojko Spajić zu LëtzebuergEuropa wier méi staark mat Montenegro als EU-Member

Cédric Ferry
E Méindeg huet de Premierminsiter Luc Frieden säi montenegrineschen Homolg Milojko Spajić hei zu Lëtzebuerg empfaangen. Dëse war fir eng Aarbechtsvisitt am Grand-Duché.
De Milojko Spajić
© RTL

Wéi de Luc Frieden an deem Kontext géigeniwwer der Press sot, géif dës Visite an engem europäesche Kontext stattfannen. Dat well e Méindeg zu Lëtzebuerg déi intergouvernemental Konferenz tëscht der EU an dem Montenegro ass. Bei dëser geet et virop ëm Froe vum fräie Mouvement vun Aarbechtskräften a vum Konsumenten- a Gesondheetschutz. Dëst am Kader vun engem méiglechen EU-Bäitrëtt vu Montenegro.

Et wier aus geostrategesche Grënn wichteg, dass ee beim EU-Erweiderungsprozess Fortschrëtter mécht, sou de Staatsminister.

D'Länner vum westleche Balkan an de Montenegro am Besonnesche wiere gutt Frënn vu Lëtzebuerg. Hei am Land géing et ganz lieweg montenegrinesch Communautéit, déi sech iwwer déi lescht Joerzéngte ganz gutt integréiert hätt.

Montenegro hätt enorm Progrèse gemaach. Dëst esouwuel innepolitesch, wéi och op sengem Wee an d'Europäesch Unioun. Fir d'Lëtzebuerger Regierung missten d'Efforten, déi d'Land ënnerholl huet, unerkannt a belount ginn. Europa wier méi staark, méi sécher a méi räich mat engem Land wéi Montenegro als Deel vun der EU. Wann alleguer d'Konditiounen erfëllt wieren, wier ee frou, Montenegro 2028 als 28. EU-Memberstaat an der EU ze begréissen.

Luc Frieden
Europa wier méi staark mat Montenegro als EU-Member.

De montenegrinesche Premier Milojko Spajić sot iwwerdeems, dass ee bei all Schratt, deen een a Richtung EU-Bäitrëtt mécht, eng grouss Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg géing spieren. Natierlech wier de Wee fir bis bei en EU-Bäitrëtt een, dee mat Konditiounen an haarder Aarbecht verbonne wier. Een, op deem ee misst schwéier Reforme maachen. Mat et wier een och prett, dës ze maachen. De Bäitrëtt vu Montenegro soll fir d'EU eng Plus-value sinn, sou de montenegrinesche Regierungschef. Et wier ee bereet, als Member bei de Froe vum West-Balkan ze hëllefen. En erfollegräiche Bäitrëtt vum Montenegro géif e Signal un aner Länner schécken, dass Reforme sech bezuelt maachen.

Hie wier zouversiichtlech, dass säi Land mat der Ënnerstëtzung vun, ënner anerem, Lëtzebuerg bis Enn dës Joers prett fir en EU-Bäitrëtt wier, an dass d'EU 2028 e weidere Member kéint begréissen.

Milojko Spajić
En erfollegräiche Bäitrëtt vum Montenegro géif e Signal un aner Länner schécken, dass Reforme sech bezuelt maachen.

Back to Top
CIM LOGO