Den US-President Donald Trump huet e Sonndeg säin 80. Gebuertsdag gefeiert. Dat mat engem Käfeg-Kampf op der Wiss virum Wäissen Haus. Lass goung et e Sonndeg mat enger pompöser Ouvertureszeremonie inklusiv Kampfjetten, déi iwwer d'Wäisst Haus geflu sinn.
D'Kämpf vum Event, deen offiziell "UFC Freedom 250" geheescht huet, waren an enger eegens opgebauter Arena mam Numm "The Claw". D'Kämpfer koume fir hir Entrée an dës Arena dann och aus dem Oval Office eraus, an deem den Donald Trump nach e puer Stonne virdrun den Accord de principe iwwer e Fridde mam Iran ausgehandelt huet.
Den US-President a seng Fra souzen dann och direkt nieft dem Käfeg, an deem d'Kämpfer sech zum Deel bluddeg geschloen hunn. Eng Partie vun de Kämpfer hunn den Trump no hire Kämpf dann och am Stil vu réimesche Gladiatore gegréisst. Ee vun hinnen, den Josh Hokit, huet d'Geleeënheet da genotzt, fir "d'Michelle Obama ass e Mann, hunn ech Recht?!", an de Mikro ze ruffen.
Den Donald Trump war jiddwerfalls begeeschtert. Esouguer d'Wieder wier entgéint de Previsioune perfekt gewiescht.
Kritiker hunn den Event dogéint als eng Entwäertung vum Wäissen Haus duerch eng fréier Reality-TV-Show-Perséinlechkeet, déi wärend hirer Amtszäit sämtlech Normen depasséiert huet, kritiséiert.