
Enger Etüd no ginn d’Alpe wéinst dem Klimawandel ëmmer méi gréng. D’Vegetatioun iwwert der Bamgrenz hätt a bal 80% vun den Alpen zougeholl. Dat schreiwen d’Fuerscher vun den Universitéite Lausanne a Basel an der Fachzäitschrëft “Science”. Satellittebiller aus de Joren 1984-2021 goufe vun hinnen ausgewäert. Iwwerdeems déi gréng Faarf an den Alpen ëmmer méi zouhëlt, ginn d’Schnéidecken zeréck, wann och just liicht.
D’Planze besidelen nei Gebitter an d’Vegetatioun gëtt méi dicht a méi héich, huet d’Sabine Rumpf vun der Universitéit Basel erkläert. Dass déi planzlech Biomass zouhëlt, hänkt mat de verännerten Nidderschléi a méi laange Vegetatiounsperioden zesummen, déi op méi héich Temperaturen zeréckzeféiere sinn. Dat kéint eng Gefor fir déi speziell Alpe-Flora duerstellen. “Alpe-Planze passe sech raue Bedéngungen un, sinn awer net wierklech konkurrenzfäeg”, sou d’Rumpf. Wa sech d’Ëmweltbedéngungen änneren, wäerten dës Aarten hire Virdeel verléieren a verdrängt ginn. “Déi eenzegaarteg Biodiversitéit vun den Alpe steet dowéinst ënner groussem Drock”, huet d’Fuerscherin ënnerstrach.
“Gréng Bierger reflektéiere manner Sonneliicht a féieren dowéinst zu enger weiderer Erwiermung - an domat zu engem weidere Schrumpfe vun der reflektéierender Schnéidecken”, heescht et weider vum Sabine Rumpf vun der Universitéit Basel. Héich Temperature brénge mat sech, dass d’Gletscher schmëlzen an de Permafrascht entdeet, wat méi Äerdrutschen a Gestengslawinnen ausléise kéint.