Gentechnesch manipuléiert Liewensmëttel mussen extra gezeechent sinn. D’EU-Parlament huet awer elo an engem éischte Vott decidéiert, datt dës Obligatioun net fir Wuere gëllt, déi mat enger neier Form vu Gentechnik, kuerz NGT-1, verännert goufen. NGT, steet fir “Nei Genomesch Techniken”.
Bei de sougenannten NGT-1-Planze gouf d’DNA verännert, ouni eng friem DNA anzebauen. Zum Beispill goufen duerch en Agrëff bestëmmt Genen erausgeholl. Et handelt sech also ëm eng Manipulatioun, déi, wann de finale Vott am EU-Parlament Ufank 2026 duerchgeet, an Zukunft net op de Produiten am Supermarché muss gekennzeechent sinn.
Eng acceleréiert natierlech Upassung oder eng Gefor?
D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen gesäit kee Problem an dëser méiglecherweis neier Reglementatioun. Schliisslech wier eng richteg Kennzeechnung net méiglech, well een esou eng Manipulatioun bei enger Planz spéider net méi kéint noweisen. “Well dat ass eppes, wat eng klassesch Ziichtung ka maachen. A wat och an der Natur esou ka virkommen. An de Virdeel dovunner, dee mer eis wierklech erwaarden ass, dass eis Landwirtschaft an eis Liewensmëttelproduktioun méi resilient gëtt”, erkläert d’Ministesch hire Point de vue. D’Europadeputéiert vun déi gréng, Tilly Metz, weist awer dorop hin, dass esou Changementer oder Modifikatioune vu Planzen an der Natur zwar virkommen, mee dëst Joerzéngte bis Joerhonnerte géing daueren.
D’Erwaardunge vun de Leit, déi der neier Method géintiwwer favorabel sinn, si grouss. Duerch déi nei Method solle Planze méi resilient géint de Klimawandel ginn a méi resistent géint Krankheeten. Och de President vun der Landwirtschaftskummer, Christian Hahn, gesäit NGT-1-Planzen als Chance fir de Konsument. “Deen ass ni frou, wann zum Beispill Planzeschutzmëttel agesat gëtt. Ech denken, da muss een och gesinn, wann een d’Planz esou ziicht, dass ee manner Planzeschutzmëttel brauch, wat soll de But sinn, fir e Produit hannendrun ze hunn, wou manner Asaz war”, betount hien. Doriwwer eraus wëll d’EU och manner ofhängeg vu Liewensmëttel aus Drëttlänner ginn.
Biolandwirtschaft an hir Differenzéierung vu manipuléierte Liewensmëttel
Kritiker gesinn awer och eng Menace fir d’Biolandwirtschaft, op déi Lëtzebuerg eigentlech wëllt setzen. “Wann dir e Feld hutt mat gentechnesch manipuléierte Planzen, do ass jo keng Mauer. Dat verflitt, och bis op eng Biolandwirtschaft. An dann ass et awer um Bauer vun der Biolandwirtschaft, ze beweisen, dass do keng genetesch Manipulatioune stattfonnt hunn”, fäert d’Tilly Metz. Eng Gefor fir d’Biolandwirtschaft gesinn de Christian Hahn an d’Martine Hansen net. Schliisslech misst d’Saatgut, also de Som, gekennzeechent sinn. “An da kann natierlech d’Biolandwirtschaft beweisen, wéi ee Saatgut, dass se geholl huet. An da kënne se weider soen, dass se keng Planzen hunn, déi mat NGT-Ziichtung hiergestallt goufen”, seet d’Martine Hansen.
Den Impakt op d’Biolandwirtschaft soll awer iwwerwaacht ginn. Esou e Monitoring wënsche sech d’Skeptiker och fir den Effet vu genetesch Manipulatiounen op d’Ëmwelt kuerz a mëttelfristeg festzestellen. “Mir sinn net géint Innovatioun. Mir hätte just gär Transparenz an dass de Vorsorgeprinzip respektéiert gëtt. Dat ass net méi de Fall. Et ass keng Traçabilitéit méi méiglech. Et ass keng Transparenz méi méiglech. An et ass eppes wat dem klenge Bauer schued”, betount d’Tilly Metz.
D’Baueren, déi vun der Landwirtschaftskummer vertruede ginn, schéngen dann awer net all ze retizent géigeniwwer dëser neier Gentechnik. Et misst een der Fuerschung eng Chance loossen, heescht et am Allgemengen. Skeptesch ass ee just bei Patenter op esou Som. “Patenter maachen ëmmer, dass e grousse Konzern sech probéiert eng Plus-value erauszeschäffen, aus deem wat gemaach ginn ass. Ech denken, dass dat de falsche Wee ass an dass d’Plus-value beim Konsument soll ukommen”, ënnersträicht de Christian Hahn. E Punkt, wou och d’Regierung en Aen drop huet, well et dierft een net komplett ofhängeg ginn.
Eens bleift ee sech awer op alle Säiten, dass fir all Produit aus Ziichtung, wou neit Genmaterial agefüügt gouf, wéi dat bei de klasseschen Organismes Génétiquement Modifiés (OGM) oder bei NGT-2 de Fall ass, eng europawäit Kennzeechnungsflicht muss bleiwen.