D'Suite vun den Tripartitesnegociatiounen e Mëttwoch am Nomëtten. D‘OGBL-Presidentin Nora Back huet bei hirer Arrivée betount, fir d‘Gewerkschafte misst um Enn e ganzen a kohärente Pak u Mesurë fir Leit a Betriber decidéiert ginn. En Deelaccord, wéi den UEL-President Michel Reckinger en en Dënschdeg an d‘Spill bruecht hat, dierft fir d‘Nora Back net d‘Zil sinn e Mëttwoch.
D‘Themen, déi d‘Gewerkschafte gefuerdert haten, dorënner de Logement an de Mindestloun, stinn e Mëttwoch um Ordre du Jour, wat d‘OGBL-Presidentin begréisst huet.
D‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB wëll generell weider un hirer Fuerderung festhalen, de Mindestloun misst strukturell ëm 300 Euro eropgoen. Allerdéngs géif een net an enger Verhandlung goen, wann een net bereet fir Kompromësser wär, esou d‘Nora Back.
De Michel Reckinger huet sech virun der Reunioun net konkret zum Thema Mindestloun geäussert. D‘Patronat ass géint eng strukturell Hausse. Fir den UEL-President ass et kloer, dass d‘Tripartite elo an engem gudden Elan weider muss goen, fir wa méiglech séier zu engem Accord ze kommen. D‘ekonomesch Situatioun wär urgent an et bräicht ee Léisungen.
Dat gesäit och de Premier Luc Frieden esou. Elo scho schéngt kloer, dass d‘Regierung an d‘Sozialpartner sech en Donneschdeg am Nomëtteg fir eng weider Ronn Verhandlunge gesi wäerten. U sech sollt d‘Tripartite eréischt e Méindeg nees weidergoen.
Am Sennenger Schlass war en Dënschdeg déi éischt Reunioun vun der Tripartite, bei där d‘Regierung mat de Gewerkschaften an dem Patronat zesummekomm ass. "Konstruktiv a respektvoll" ass déi Renconter vu béide Säite beschriwwe ginn.