D'Kallektuffquell ass ee vun den Highlights vum Mëllerdalltrail a gëtt dacks, wat d'Attraktivitéit vum Site ugeet, mam Schiessentümpel verglach. Viru ronn 10 Joer huet d'Naturverwaltung – quasi als Zort Gefalen - en e puer honnert Meter laangen, hëlzene Steeg opgeriicht, iwwer deen ee kamoud bis bei de Baseng mat glasklorem Waasser konnt trëppelen. Haut si sämtlech Accèsen iwwer d'Constructiounen aus Holz zou! An et gesäit och net esou aus, wéi wann dat sech an dëser Touristesaison nach géif änneren.
Wann ee virun der Kallektuffquell steet fält op: De Steeg ass zou. A wie scho mol an der Géigend ënnerwee war weess, datt dëst net eréischt zanter haut oder gëschter de Fall ass. Mä schonn zanter e puer Saisonen. Kuckt ee sech d'Konstruktioun aus Holz u fält op, datt se an engem lamentabelen Zoustand ass. Well een dann nofuerschen, wat genee lass ass a wéi et weider geet, kënnt eraus, datt kee Ministère a keng Gemeng mat engem virun der Kamera iwwer dës Plaz wëll schwätzen.
Dat ass och der LSAP opgefall, déi zu der Kallektuffquell eng parlamentaresch Fro gestallt huet an ënner anerem dëst als Äntwert krut "A ce stade gëtt et keen Acteur, deen de Projet op laang Siicht wéilt ugoen." Et ass eng Äntwert, déi weider den LSAP-Deputéierte Ben Streff nach d'ADR-Deputéiert Alexandra Schoos, déi eng weider parlamentaresch Fro dozou gestallt huet, zefridde stellt. Béid komme vu Bäerdref also matten aus dem Mëllerdall a weise sech enttäuscht, datt op dësem Dossier näischt geschitt. An dobäi läit dës Quell um Mëllerdalltrail, enger vun den Touristenattraktiounen am Land, déi mat hire flotte Wanderweeër Reklamm mécht.
Den Tourismus wäert wuel net - opgepasst Wuertwitz - "d'Baach-A-Goen", well d'Kallektuffquell manner gutt accessibel ass. De Problem, an dat gesäit een aus de politesche Reaktiounen, et wëll kee Verantwortung fir d'Situatioun iwwerhuelen. An dobäi hat de Minister Eric Thill dach virun zwee Joer versprach, datt ee sech mat all de Responsabelen un en Dësch géif setzen, fir datt eppes géif geschéien. Responsabel ass an dësem Fall de Staat, well et nationalen Terrain ass an den Environnement hat de Steeg deemools gebaut.