
"Ee selwer gebaute Sprengsaz ass an engem Restaurant op der Kudrinskaja-Plaz zu Moskau explodéiert an huet dräi Leit an den Doud gerappt", esou de russeschen Anti-Terror-Kommitee der staatlecher Noriichtenagence Tass no.
Éischten Ermëttlungen no hat eng Fra versicht, ee verstoppte Sprengsaz mat an ee Restaurant ze huelen. Si gouf vun engem Portier gestoppt. Déi zwee an ee weidere Client vum Restaurant si bei der Explosioun gestuerwen. De Restaurant war fir eng Feier privatiséiert. Zum Motiv vun der Dot wollt déi russesch Police sech net äusseren.
Der Noriichtenagence Ria Nowosti war d'Explosioun géint 20:10 Auer Lokalzäit (19:10 Auer eiser Zäit) an der Géigend vun engem "Summercafé". Am Online-Déngscht Telegram si Videoen zirkuléiert, déi eng sëllegen Ambulanzen op der Plaz weisen.
Russland gouf an de leschte Joren ëmmer nees zum Zil vun esou Ugrëff. Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain am Februar 2022 hunn d'ukrainesch Geheimdéngschter eng Rei Ugrëff op Offizéier vun der russescher Arméi oder op prominent Ënnerstëtzer vum russesche Krich fir sech revendiquéiert, oder goufe fir d'Ugrëff verantwortlech gemaach.