Neit Konzept zu NidderkuerKuerz Openthalter am SERVIOR-Haus "Um Lauterbann"

Lynn Cruchten
Mam Haus “Um Lauterbann” zu Nidderkuer bitt Servior zënter dem 20. Juli en neie Betreiungsservice un.
Kuerz Openthalter am SERVIOR-Haus "Um Lauterbann"
Servior bitt en neit Konzept zu Nidderkuer un.

Seniore kënnen do fir eng limitéiert Zäit vun zwou Woche bis sechs Méint wunnen – egal ob no engem Spidolsopenthalt, als Iwwergang bis eng definitiv Plaz an engem Alters- oder Fleegeheem fräi gëtt oder wärend d'Famill am Ausland ass. Domat reagéiert Servior op eng ëmmer méi grouss Demande fir flexibel Kuerzopenthalter.
 
Renovéiert Gebai mat individueller Betreiung

Dat fréiert Altersheem zu Nidderkuer stoung ronn annerhalleft Joer eidel a gouf deelweis renovéiert. An enger éischter Phas si 24 Better disponibel. Mam Opstocke vum Fleegepersonal sollen et op Dauer bis zu 60 miwweléiert Zëmmere ginn. D'Bewunner profitéiere vun de selwechte Servicer, wéi an enger klassescher Maison des aînés: Fleeg, Kiné, Ergotherapie, medezinesch Betreiung, sozial Begleedung an Aktivitéiten.

Bewunner fille sech gutt opgehuewen

Déi éischt Gäscht zéien e positive Bilan. Verschiddener sinn do, well hir Famill an d'Vakanz gefuer ass, anerer no engem Spidolsopenthalt. Si luewen déi individuell Betreiung, dat frëndlecht Personal an d'Gefill, gutt versuergt ze sinn. Verschiddener géifen esouguer gär nach méi laang bleiwen.
 
Präis tëscht 117 an 128 Euro den Dag

En Openthalt kascht jee no Zëmmertyp tëscht 117 an 128 Euro pro Dag. Doran abegraff sinn d'Iessen an d'Animatiounen. Medezinesch Leeschtunge ginn iwwer d'Krankekeess oder d'Assurance dépendance ofgerechent.

Back to Top
CIM LOGO