Nationalpark a KeniaElefante si wuel u Pestizid-Vergëftung gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Doud vu 15 Elefanten an engem Nationalpark a Kenia ginn d'Autoritéiten no éischten Ermëttlungen dovunner aus, datt d'Déieren un enger Zyanid-Vergëftung gestuerwe sinn.
Nach einer vorläufigen Untersuchung gehen die Behörden in Kenia davon aus, dass 15 im Amboseli-Nationalpark verendet aufgefundene Elefanten wohl einer Zyanid-Vergiftung erlegen sind.
Déi doudeg Elefante waren tëscht Enn Juni an Enn Juli am Amboseli-Nationalpark entdeckt ginn, dee bei Touriste beléift ass.
© AFP/Archiv

D'Elefanten aus dem Amboseli-Nationalpark hu wéi et schéngt Tomate giess, déi "mat ganz staarke Pestizide belaascht waren", esou de Spriecher vun der zoustänneger Wëlldéier-Agence, den Duncan Juma Wanyama, en Donneschdeg géigeniwwer vun der AFP.

D'Substanz wier "onheemlech déidlech an onheemlech gëfteg", esou de Wanyama. "Esoubal den Elefant se ophëlt, gräift se d'Long an d'Liewer un." An de Mee vun enger Rei Déieren aus der nämmlechter Häerd goufen deemno Reschter vun Tomate fonnt. Méiglecherweis wieren d'Elefante vu Planzen ugelackelt ginn, net net wäit fort a Landwirschaftsbetriber gewuess sinn, esou de Wanyama. 

Op d'mannst een Elefant ass deemno um Terrain un engem Tomateproduzent gestuerwen. Aner Déiere konnte sech nach bis bei ee Waasserlach schleefen, wou se Deeg méi spéit gestuerwe sinn. Eng sëllegen Elefanten hate Vergëftungssymptomer gewisen, dorënner Lämungen, duerch déi se net méi stoe konnten, esou de Wanyama. 

Landwirtschaftlech Betriber an der Ëmgéigend sollen elo méi genee ënner d'Lupp geholl ginn. Ausserdeem soll gekläert ginn, ob d'Déieren net villäicht express vergëft goufen.

Déi 15 doudeg Elefante waren tëscht Enn Juni an Enn Juli am Amboseli-Nationalpark entdeckt ginn, dee bei Touriste beléift ass. De Park ass weltberüümt fir seng Aartevillfalt an de Bléck op de Kilimandscharo déi aner Säit vun der Grenz mat Tansania. D'Elefantenhäerden an d'Savannen zéien all Joers Zéngdausenden Touristen un.

Back to Top
CIM LOGO