DäitschlandHëtztwelle suerge fir eng wuessend Unzuel vun Doudeger

RTL Lëtzebuerg
Dëse Juni beweist erëm, wéi geféierlech d'Hëtzt ka sinn. Däitschland war net virbereet genuch.
© AFP/Archiv/ROMAIN PERROCHEAU

Dëse Juni sinn aacht Prozent méi Mënsche gestuerwe wéi am Juni vun de Joren 2018-2021. D’Zuele si virun allem op déi zweet Hallschent vum Mount zeréckzeféieren, wou Däitschland ënnert extreemst héijen Temperature gelidden huet.

D’Land wier net ausgerëscht fir sou Hëtztwellen, mengt d’Franziska Mattheis-Wiesler vom Helmholtz, eng Biologin an Epidemiologin. Et muss een iwwergräifend gesetzlech Reegele formuléieren, déi et de Leit erméiglechen, op esou klimabedéngte Gesondheetsrisiken ze reagéieren. Dës sollen an d’Bildung, de Verkéier an de Gesondheetssystem mat afléissen.

Grouss däitsch Spideeler an Universitéitsklinicke solle konkret Pläng a Moossname prett hunn, fir Hëtztwellen ze meeschteren. Empfeelunge ginn der Biologin no net duer. Déi eenzeg Gemengen, déi den Ament Hëtztaktiounspläng ëmgesat hunn, sinn Dresden, Erfurt a Mannheim.

D’Kathrin Vogler, gesondheetspolitesch Spriecherin vun de Lénken, fuerdert ëffentlech gekillte Killräim a Klima-Anlage fir an d’Altersheemer an anere Fleegeheemer. Och d’Populatioun muss besser informéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO