HongkongDen Demokratieaktivist Jimmy Lai gouf zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt

AFP, iwwersat vun RTL
Den Jimmy Lai gëllt als ee vun de Käpp vun der Hongkonger Demokratiebeweegung.
Poliziste virum Geriichtsgebai, an deem den Jimmy Lai de Prozess gemaach kritt.
© PETER PARKS/AFP

En Honkonger Geriicht huet de Mediemogul an Demokratieaktivist Jimmy Lai zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt. De Grënner vun der antëscht agestallter Zeitung “Apple Daily” ass am Dezember zejoert schëlleg geschwat ginn, friem Natiounen dozou opgeruff ze hunn, Sanktioune géint Hongkong ze verhänken an a sengen Artikelen zu Rebellioun opgeruff ze hunn.

D’Urteel géint den 78 Joer ale brittesche Staatsbierger, deen als ee vun de wichtegste Käpp vun der Hongkonger Demokratiebeweegung gëllt, ass dat häertst, dat ënnert dem “Gesetz fir national Sécherheet”, dat jo vun der chineesescher Zentralregierung zu Hongkong imposéiert gouf, geschwat gouf. Déi bis ewell héchste Strof géint en Aktivist vun der Hongkonger Demokratiebeweegung ass 2024 géint den Droitsprofesser Benny Tai geschwat ginn. Hie gouf zu zéng Joer Prisong verurteelt.

Den Jimmy Lai sëtzt schonn zanter 2020 zu Hongkong am Prisong, fir d’éischt an Untersuchungshaft an duerno als Verurteelten. Hie gouf am Abrëll 2021 schëlleg geschwat, eng illegal Demonstratioun mat organiséiert ze hunn. Dofir gouf hien zu enger Prisongsstrof vu 14 Méint verurteelt Am Mee 2021 gouf hien a dësem Kontext zu enger weiderer Prisongsstrof vu 14 Méint verurteelt. Vum Lai senger aktueller Strof wäerten zwee Joer zäitgläich mat dëse Strofe lafen, sou dass hien am Ganzen 18 weider Joer wäert am Prisong sëtzen.

D’Urteel gouf vun internationaler Säit uerg kritiséiert. Mënscherechtsorganisatioune schwätze vun enger de facto Doudesstrof. D’Eliane Pearson, Direktesch vu Human Rights Watch an Asien huet vun enger Strof geschwat, déi nëmme grausam, mee och zudéifst ongerechtfäerdegt ass. De brittesche Premierminister Keir Starmer huet iwwerdeems matgedeelt, dass hien dem Lai seng Situatioun schonn am Kader vun senger Entrevue mam chineesesche Persident Xi Jingping d’leschte Mount ugeschwat hat.

Back to Top
CIM LOGO