Zanter 1986 a KraaftInternationale Moratoire op de Walfang bleift bestoen

RTL Lëtzebuerg
Op enger Konferenz vun der Internationaler Walfang-Kommissioun am Peru gouf guer net eréischt iwwer eng Motioun, fir de Moratoire ofzeschafen, ofgestëmmt.
© AFP / Ernesto BENAVIDES

Dat well vu virera kloer war, datt d’Motioun, déi vum Inselstaat Antigua a Barbuda sollt abruecht ginn, keng Chance op eng Majoritéit vun de Stëmmen hat. Och eng Motioun, de Walfang als Bäitrag zur internationaler Ernierungssécherheet ze erlaben, gouf nach virun der Ofstëmmung zeréckgezunn. Dës Motioun ass vum afrikanesche Land Guniea a gouf vun der Côte d’Ivoire, Gambia, Ghana, Guinea-Bissau, dem Senegal, dem Kambodscha a Saint Kitts and Nevis ënnerstëtzt.

Wéi et vun der Expertin Roxana Schteinbarg vum argentineschen Institut fir Walfang heescht, hätt keent vun dëse Länner eng Traditioun am Walfang. Si géifen am Interêt vu Japan handelen, dat 2019 aus der Kommissioun ausgetruede war an zanterdeem géif versichen, de Schutz vun de Waler ze schwächen.

Et wier eng gutt Saach, dass den internationale Moratoire op de Walfang mat enger grousser Majoritéit confirméiert gi wier, heescht et vun der Expertin Franziska Saalmann vu Greenpeace Däitschland. Trotzdeem wier et ustrengend, Atouten, déi schonn erreecht goufen, ëmmer nees mussen ze verdeedegen, wärend d’Walen an d’Mierer ëmmer méi staark menacéiert wieren.

Déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit fir e Walschutz-Gebitt am Südatlantik krut allerdéngs op en Neits net déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit. Dëse Punkt gëtt zanter 25 Joer ëmmer nees erëm op den Ordre du Jour vun de Konferenze vun der Walfang-Kommissioun gesat.

Weltwäit gëtt just nach a Japan, Norwegen an Island kommerzielle Walfang bedriwwen. Schätzungen no ginn all Joer ronn 1.200 Walen ëmbruecht. Dobäi géif e Réckgang vun de Wal-Populatiounen opgrond vum Klimawandel registréiert ginn. Dat haaptsächlech, well d’Quantitéit u Plankton wéinst der Hausse vun den Temperaturen zeréckgeet.

Back to Top
CIM LOGO