Vott verréckeltKeng Eenegung beim EU-Liwwerkettegesetz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch sollten d’EU-Staaten iwwert d’EU-Liwwerkettegesetz ofstëmmen. De Punkt ass awer net méi um Ordre du Jour.
© AFP/Archiv/Munir uz ZAMAN

E Mëttwoch sollt am EU-Rot en neien Ulaf fir de Vott iwwert d’EU-Liwwerkettegesetz geholl ginn. Ma de Punkt ass net méi um Ordre du jour ze fannen. Schonn e Freide war de Vott reportéiert ginn, well keng Majoritéit konnt fonnt ginn. En neie Rendez-vous gëtt et nach net. D’"Initiative pour un devoir de vigilance”, déi aus 17 Organisatioune besteet, fuerdert trotzdeem déi Lëtzebuerger Regierung op, sech zu engem klore “Jo” zum EU-Liwwerkettegesetz auszeschwätzen.

Schonn zwee Joer wier intensiv iwwert de Vertrag verhandelt ginn. All d’Staate waren dru bedeelegt. “Da kann et net sinn, dass een op der leschter Ligne droite bemol seng Verantwortung vergësst, déi ee fir d’Mënscherechter an d’Liwwerketten huet”, gëtt de Coordinateur vun der Initiative, de Jean-Louis Zeien ze bedenken. Ëmmer nach géingen et grav Mënscherechtsverletzunge ginn - vu Mënschen déi verschwannen, oder Kanner, déi op Felder oder a Minne misste schaffen. Leit auszebeuten, dierft net zu enger Ekonomie gehéieren.

D’EU-Liwwerkettegesetz ass eng EU-Richtlinn, déi virgesäit, dass Entreprisë méi staark fir Mëssstänn an hire Liwwerkette solle kënnen zur Verantwortung gezu ginn. Zum Beispill bei Verstéiss géint d’Mënscherechter oder Ëmweltoplagen. Ënner dat Gesetz géingen ënner anerem grouss Entreprisë mat Sëtz an der EU falen, deenen hire Mammekonzern méi wéi 500 Employéë beschäftegt oder déi weltwäit en Ëmsaz vun iwwer 150 Millioune maachen.

D’Argument, dass Lëtzebuerg Zweiwel um Gesetz hätt, wéinst den Holdinggesellschaften oder Sociétés de participation financière, kuerz Soparfis’e, kann d"Initiative pour un devoir de vigilance”, net novollzéien. Muncher vun deene géinge souwisou enger Suergfaltsflicht ënnerleie wat d’Mënscherechter ugeet. “Awer e ganz groussen Deel, déi wäerten iwwerhaapt net ënnert dëst EU-Liwwerkettegesetz falen”, sou de Jean-Louis Zeien. Enger éischter Estimatioun no wiere vun den Dausenden Holdinggesellschaften a Soparfis’en hei am Land just eng 220 concernéiert.

An Holland wier schliisslech, wat d’Holdinge géing ubelaangen, an enger änlecher Situatioun wéi Lëtzebuerg. Ma déi hätte kee Problem mam Liwwerkettegesetz, mengt de Jean-Louis Zeien. En Plus misst sech jo all Memberstaat un d’Gesetz halen. Sou hätt jo da keen en Nodeel.

Wann ee seng eege Responsabilitéit am Beräich Mënscherechter eescht hëlt, kéint een nëmme jo zu der EU-Direktiv soen, sou de Constat vum Coordinateur. Hien erënnert drun, dass Lëtzebuerg Member vum UN-Mënscherechtsrot ass, a sech domat misst fir déi héchste Standarden am Beräich vun de Mënscherechter asetzen. Doriwwer eraus hätt ee rezent eng Ëmfro gemaach, wou 87 Prozent vun de Leit hei am Land soten, datt d’Regierung soll déi international Verflichtunge vu Mënscherechter, Klima- an Ëmwelt anhalen.

Bis elo blockéiert Däitschland d’Ofstëmmung. Ma och Éisträich huet matgedeelt, sech ze enthalen, an Italien huet Kriticken um Text geäussert. Dass d’Direktiv ugeholl ka ginn, ass am EU-Rot eng qualifizéiert Majoritéit vu 55 Prozent néideg. Also 15 vu 27 Memberstaaten, déi op d’mannst 65 Prozent vun der Populatioun musse representéieren. Doriwwer eraus bleift nach d’Fro, wéi vill Gewiicht eleng d’Decisioun vun engem grousse Land wéi Däitschland kann hunn, wat net mat wëllt ofstëmmen.

Back to Top
CIM LOGO