Presuméiert Memberen, mee och Cheffe vun der berüchtegter Band Mara Salvatrucha (MS-13) kruten e Méindeg de Prozess gemaach, bei deem et ëm 47.000 Strofdote geet, déi tëscht 2012 an 2022 solle begaange gi sinn, dorënner 29.000 Morden.
Vill vun de Beschëllegte sinn zanter Joren am Prisong, ouni konkreet Uklo oder d’Recht drop, Visiteuren z’empfänken. De salvadorianesche President Nayib Bukele verfollegt zanter sengem Amtsuntrëtt jo eng haart Linn géigeniwwer Bandekriminalitéit am südamerikanesche Land.
Nodeems et am Mäerz 2022 un engem eenzege Weekend zu Morden un insgesamt 87 Leit koum, huet de Bukele de Gangs de “Krich” erkläert, déi sengen Aussoen no zu deem Ament 80 Prozent vum salvadorianeschen Territoire kontrolléiert hunn. Dat selwecht Joer gouf den Etat d’urgence am ganze Land deklaréiert an iwwer 90.000 presuméiert Gang-Membere verhaft, dorënner dausenden, déi sech spéider als onschëlleg erausgestallt hunn.
Dem Bukele seng Campagne huet seng Popularitéit am El Salvador massiv verstäerkt an d’Kriminalitéitstauxen extreem erofgesat, wouduerch de Staat vun engem vun de geféierlechsten zu engem vun de séchersten a Südamerika ginn ass. Mënscherechtsorganisatioune kritiséieren dogéint dat autoritäert Virgoe vum President an Trump-Alliéierten, dat wéinst engem Manktem u faire Prozesser géint Verdächteger, Berichter vu Folter an iwwer 500 Doudesfäll a Prisongen.
D’Prozesser kéinten Insidersourcen no bis zu 6 Méint daueren. D’Ukloe gi per Video-Iwwerdroung gemaach.