
D’Croisière-Schëff MSC Euribia war bis e Samschdeg an der Strooss vun Hormus blockéiert. Mëttlerweil konnt d’Schëff déi Regioun verloossen an ass elo um Wee zeréck an Europa. Aktuell ass d’Euribia mat enger technescher Crew ënnerwee.
Déi éischt Croisière mat Touristen ass fir de 16. Mee geplangt. Eng weider Rees, bei där och vill Lëtzebuerger dobäi wäerte sinn, soll den 23. Mee vu Kiel aus starten. D’Päischtcroisière ass fir eng Rei Lëtzebuerger all Joer e feste Rendez-vous.
Fir d’Clienten, déi d’Päischtcroisière gebucht hunn, huet d’Blockad keen Impakt. Dat bestätegt de Berny Ley, Generaldirekter vu Voyages Flammang. Et wier een an de leschten Deeg gutt iwwer d’Situatioun informéiert ginn. D’Croisière kéint elo wéi geplangt vu Kiel aus fortfueren.