Déi nei Membere sinn domat offiziell an der Police grand-ducale integréiert. Virum Premier Luc Frieden, dem Policeminister Léon Gloden an dem Directeur général vun der Police Pascal Peters hu si hiren Eed ofgeluecht.
De Léon Gloden huet präziséiert: “Dir stellt iech an den Déngscht vun der Gesellschaft. Dir sidd d’Garante vun eiser Sécherheet a vun eiser Fräiheet. Keng Fräiheet ouni Sécherheet. Är Uniform ass net just är Beruffskleedung. Är Uniform steet fir Engagement, Integritéit, Wäerter an Zesummenhalt.”
Déi 144 nei Polizistinnen a Poliziste sinn aus de 465 Aspiranten ervirgaangen, déi sech am Hierscht 2023, respektiv Ufank 2025 fir den Opnamexame gemellt haten. 190 dovun haten et an d’Formatioun um Findel gepackt. Fir datt de Chiffer vum Personal konstant kann an d’Luucht goen, wäert d’Police och an den nächste Jore konstant rekrutéieren. De 4. Mee wäerten 201 Fraen a Männer hir Formatioun an der Policeschoul ufänken. Si sinn aus de 650 Kandidaten ervirgaangen, déi sech Enn 2025 fir de Rekrutement gemellt haten.