UkrainEuropol huet 45 deportéiert Kanner lokaliséiert

RTL mat AFP
Europol huet d'Spuere retracéiert vu 45 ukrainesche Kanner, déi wärend dem Krich a besate Gebidder verschleeft gi sinn. Bis zu 20.000 änlech Fäll soll et ginn.
© CARLO BRAVO/Anadolu via AFP

Zesumme mam Internationale Geriichtshaff a mat 40 Enquêteuren aus 18 Länner ass et Europol gelongen, 45 Kanner ze lokaliséieren an z’identifizéieren, déi an ukrainesch Gebidder verschleeft gi sinn, déi vu Russland oder Wäissrussland besat sinn. Laut Kiew wier et zanter dem Ufank vum Krich zu bal 20.000 där Fäll komm - eng Zuel, déi Europol an engem Communiqué als “dokumentéiert” beschreift.

Verschidde Kanner wiere vu russesche Staatsbierger adoptéiert ginn, anerer géifen an Ëmerzéiungscampen oder a psychiatresche Klinicke festgehale ginn. No enger Enquête Mëtt Abrëll zu Den Haag, an där mat Hëllef vun digitalen Toolen Informatiounen iwwert de Verbleif vu 45 Kanner gesammelt an ausgewäert gi waren, konnte wäertvoll Indicen an d’Ukrain geschéckt ginn, wéi zum d’Beispill Weeër, iwwer déi d’Kanner deportéiert gi waren, Persounen, déi gehollef haten oder d’Plazen, wou se hibruecht gi waren, konnten identifizéiert ginn.

Am Mäerz hat déi international Enquêtëkommissioun vun de Vereenten Natioune matgedeelt, si hätte Beweiser fir Entféierungen an Deportatioune vun dausende Kanner aus de besate Gebidder. Eng 1.200 dovu wieren effektiv confirméiert Fäll an d’Kommissioun gehäit Moskau Verbrieche géint d’Mënschlechkeet vir. Russland huet bis elo just zouginn, datt si ukrainesch Kanner aus Foyeren oder Weesenheemer op aner Plaze bruecht hätten, fir si virun de Gefore vum Krich ze protegéieren.

Back to Top
CIM LOGO