
No Aussoe vun den Enquêteure goufen d’Iwwerreschter vum Meedchen am September a sengem Auto fonnt. Den D4vd gouf d’lescht Woch verhaft. De Parquet schwätzt vun engem “brutalen a schreckleche Mord”. Zousätzlech gëtt de Burke beschëllegt, aus finanzielle Grënn an Angscht virum Enn vu senger Carrière gehandelt ze hunn.

Op enger Pressekonferenz war d’Stëmmung ganz opgelueden, besonnesch wéi eng Foto vum Affer gewise gouf. D’Affekote vum Museker bestreiden d’Virwërf a soen, datt Beweiser géife weisen, datt hien net fir den Doud vum Meedche verantwortlech ass.
De Procureur Hochman gouf gefrot, firwat et esou laang gedauert huet, bis eng Verhaftung gemaach gouf. Hien huet erkläert, datt d’Enquête komplex war, well vill Leit hu misse befrot ginn – e puer hunn kooperéiert, anerer net. Ausserdeem hätt et gedauert, fir all d’Beweiser grëndlech z’analyséieren. Et wier wichteg gewiescht, esou vill Informatioune wéi méiglech ze sammelen, fir de Fall richteg opzeklären. Zum Schluss huet hien d’Ëffentlechkeet opgefuerdert, sech ze mellen, wann een nach Informatiounen iwwer de Verdächtegen huet.