Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBayern souverän, Réckschlag fir PSG a spéit Erléisung fir Real

Jeff Birsens
Wärend de Leader Bayern sech mat 4:1 géint Gladbach duerchsetze konnt, gouf et fir PSG eng Néierlag géint Monaco. Real Madrid huet sech an der Nospillzäit virun engem weidere Punkteverloscht gerett.
Bayern Munich's German midfielder #10 Jamal Musiala celebrates with his team mates after shooting from the penalty spot to score his team's 3:0 during the German first division Bundesliga football match between FC Bayern Munich and Borussia Moenchengladbach in Munich, southern Germany, on March 6, 2026. (Photo by Alexandra BEIER / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
D’Spiller vum FC Bayern feieren dem Jamal Musiala säin éischte Gol an dëser Saison.
© AFP

E Freideg den Owend waren an den internationale Futtballchampionnater eng Rei Spëtzeveräiner am Asaz. Wärend et fir den FC Bayern géint Borussia Mönchengladbach eng souverän 4:1-Victoire gouf, hu sech anerer méi schwéier gedoen.

Sou beispillsweis de PSG, dee mat 1:3 géint Monaco de Kierzere gezunn huet an dem RC Lens domat de Weekend d’Chance gëtt, op ee Punkt op den Tabelleleader aus Paräis erunzeréckelen. Dann huet et och fir Real Madrid laang dono ausgesinn, wéi wann ee bei engem Remis géint Celta Vigo Punkte leie loosse géif. Duerch e Gol vum Fede Valverde an der 94. Minutt bleiwen déi Kinneklech awer um Leader Barcelona drun.

Donieft huet Neapel seng Aufgab mat enger 2:1-Victoire géint Turin erfëllt an an England ass Liverpool mat engem 3:1-Succès iwwer Wolverhampton an d'1/4-Finall vum FA Cup agezunn.

Bundesliga

Bayern - Gladbach 4:1
1:0 Diaz (33'), 2:0 Laimer (45+1'), 3:0 Musiala (57'), 4:0 Jackson (79'), 4:1 Mohya (89')

Séier huet sech zu München ofgezeechent, datt den FC Bayern de Match géint Gladbach dominéiere géif. Zwar hu sech d’Gäscht mat enger konzentréierter Defense beméit, ma géint déi individuell Klass vum FCB war dann awer näischt ze maachen. No de Goler vum Luis Diaz a Konrad Laimer ass et also mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen. Nom Säitewiessel gouf et dann ee personelle Réckschlag fir d’Münchener, well de Manuel Neuer verletzungsbedéngt misst ausgewiesselt ginn. Duerch eng Noutbrems am Strofraum gouf et dann an der 55. Minutt déi Rout Kaart fir de Rocco Reitz a spéitstens nom 3:0 vum Musiala, dee vum Eelefmeterpunkt treffe konnt, war dann de Match entscheet. Den Nicolas Jackson konnt zéng Minutte viru Schluss nach op 4:0 erhéijen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Serie A

Neapel - FC Turin 2:1
1:0 Santos (7'), 2:0 Elmas (68'), 2:1 Casadei (87')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Monaco 1:3
0:1 Akliouche (27'), 0:2 Golovin (55'), 1:2 Barcola (71'), 1:3 Balogun (73')

Monaco ass e Freideg mat enger 3:1-Victoire beim Tabelleleader PSG e Coup gelongen. No engem Ballverloscht vun der Paräisser Defense am eegene Strofraum konnt de Maghnes Akliouche profitéieren an duerch ee Schoss an de kuerzen Eck aus fënnef Meter op 1:0 fir d’Gäscht stellen. An der zweeter Hallschent sollt dann den Aleksandr Golovin, dee knapp eng Minutt virdrun agewiesselt gouf, op 2:0 erhéijen, an et fir PSG richteg schwéier maachen. Der Lokalekipp sollt et net méi geléngen, de Réckstand opzehuelen a sou kann den RC Lens e Sonndeg mat enger Victoire géint den FC Metz an der Tabell op ee Punkt un de Leader PSG eruréckelen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - Real Madrid 1:2
0:1 Tchouameni (11'), 1:1 Iglesias (25'), 1:2 Valverde (90+4')

Fir Real Madrid gouf et no der Defaite um leschte Weekend dëse Freideg nees dräi Punkte bei enger Last-Minute-Victoire géint Celta Vigo. Déi Kinneklech ware gutt an de Match komm a louchen no 11 Minutten duerch ee Gol vum Aurelien Tchouameni a Féierung. Duerno huet d’Lokalekipp awer direkt op den Ausgläich gedréckt a sou ass no enger gudder Chance, déi an der 15. Minutt nach net eragaangen ass, dann an der 25. Minutt den 1:1 gefall. Real war zwar besser, ma d’Ekipp vu Vigo stoung hanne gutt an huet et hirem Géigner schwéier gemaach. Réischt an der Nospillzäit sollt et dann d’Erléisung fir d’Gäscht ginn, déi duerch ee Gol vum Fede Valverde awer nach mat dräi Punkten Heem fueren.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

FA Cup

Wolverhampton - Liverpool 1:3
0:1 Robertson (51'), 0:2 Salah (53'), Jones (74'), 1:3 Hwang (90+1')

Back to Top
CIM LOGO