D'Situatioun am Noen Oste bleift weider ugespaantKuwait an Bahrain geheien der iranescher Regierung vir, d'Souveränitéit vun hire Länner ze verletzen

Céline Eischen
De Regionalkommando vun der amerikanescher Regierung huet eegenen Aussoen no iranesch Dronen an der Regioun ronderëm d'Hormus-Strooss missten interceptéieren
Dës Foto, déi den 3. Juni 2026 vun der kuwaitescher Noriichtenagence KUNA verëffentlecht gouf, weist de kuwaitesche Premierminister Sheikh Ahmad al-Abdullah al-Sabah (am Mëttelpunkt), wéi hien de beschiedegte Fluchhafen zu Kuwait-Stad nom iraneschen Ugrëff besicht.

No deem Ugrëff, bei deem eng Persoun ëm d'Liewe komm ass an Dosende blesséiert goufen, huet Kuwait den 3. Juni gefuerdert, datt zwee Mataarbechter vun der iranescher Ambassade bannent 24 Stonnen d'Land verloossen.
© AFP PHOTO / KUWAITI NEWS AGENCY (KUNA)

D'Situatioun am Noen Osten bleift weider ugespaant: Kuwait an Bahrain geheien der iranescher Regierung vir, d'Souveränitéit vun hire Länner ze verletzen. Ëmmer nees géif et zu Ugrëff op hiert Staatsgebitt kommen.

De Regionalkommando vun der amerikanescher Regierung huet eegenen Aussoen no iranesch Dronen an der Regioun ronderëm d'Hormus-Strooss missten interceptéieren, am Géigenzuch goufen iranesch Radar-Stellungen ugegraff.

U sech gëllt jo tëscht den zwou Krichsparteien eng Wafferou, zanter de leschte zwou Wochen kënnt et awer nees méi dacks zu géigesäitegen Attacken. Den iranesche Regimm verurteelt déi, wéi hie seet, flagrant Violatioune vun der Wafferou säitens den USA schaarf.

Back to Top
CIM LOGO