Geféierlech Asätz um LäschfligerNeie Fluchsimulator zu Lëtzebuerg soll Piloten op den Eeschtfall virbereeden

Chris Meisch
Ryck Thill
Pilote vu Läschfligere mussen dacks schwiereg Manövere maachen a séier Decisiounen treffen. Am neie Fluchsimulator vun der Firma "Aquarius Aerial Firefighting" kënne si esou Zenarioen trainéieren.

Bei der Cargolux goung et e Mëttwoch net ëm Frachtfliger oder Logistik – mee ëm Feier. D’Firma “Aquarius Aerial Firefighting”, déi zu der Cargolux gehéiert, huet hiren neie Simulator der Press virgestallt – ee vun nëmmen zwee Stéck a ganz Europa, déi speziell fir d’Läschfligere “Fire Boss” entwéckelt goufen, déi fir d’Cargolux an den Asaz ginn.

Neie Fluchsimulator zu Lëtzebuerg fir den Asaz géint Bëschbränn ze trainéieren
Pilote vu Läschfligere mussen dacks schwiereg Manövere maachen a séier Decisiounen treffen. Am neie Fluchsimulator kënne si esou Zenarioen trainéieren.

Am Fluchsimulator gëtt d’Realitéit nogestallt: déck Dampwolleken, schlecht Siicht a staark Turbulenzen. Situatiounen, déi am Eeschtfall iwwer Liewen an Doud entscheede kënnen. Am Simulator kéint een, esou de Wieger Ketellapper, Generaldirekter vun “Aquarius Aerial Firefighting”, Exercicen trainéieren, déi am richtege Fliger aus Sécherheetsgrënn, ze geféierlech wieren.

“Was spezifisch neu ist bei diesem Simulator, ist, dass es eine zweite Station gibt. Die zweite Station sorgt dafür, dass ein zweiter Pilot fliegt und die sehen einander, die sehen die Instrumente des anderen, sie können miteinander reden als ob sie über Funk miteinander reden und simulieren somit Formationsflüge. Wir können das wiederholen ohne Ende, es kostet keinen Kraftstoff. Es ist die perfekte Lösung um den Trainingsstandart zu verbessern.”

Fir d’Pilote bedeit dat Training ënner realistesche Konditiounen – awer ouni reell Gefor. De Simulator ass mat Beweegungs- a Vibratiounssystemer equipéiert an erlaabt et esou realitéitsno Situatiounen ze trainéieren. De Kristof Heffnick ass Pilot an ass zejoert ronn 130 Stonne mam echte Läschfliger geflunn. Fir hien ass et déi perfekt Manéier, fir sech op déi nei Saison ze preparéieren.

“Ce qui est vraiment unique dans ce simulateur, c’est qu’on a deux consoles et qu’on a l’opportunité de voler en formation. Donc on a parfaitement l’opportunité aussi d’aligner les procédures et que tout le monde, surtout la communication qui est très prioritaire en fait dans la lutte contre l’incendie en formation en tout cas. Ça nous permet en fait, de vraiment bien aligner les procédures et de s’entrainer en préparation pour la saison.”

Neie Fluchsimulator fir Pilote vu Läschfligeren / Reportage Chris Meisch

Bei engem Bëschbrand fléien d’Piloten dacks ganz niddreg. En usprochsvollt Ëmfeld an et bleift alt nëmme wéineg Zäit, fir Entscheedungen ze treffen. Am Simulator kënnen esou Zenarioe widderholl a verbessert ginn. Wärend zwee Piloten zesummen trainéieren, ass eng drëtt Persoun dobäi, déi hinnen iwwer Computer déi verschiddenste Konditioune simuléiert, wéi d‘Mylène Marionvalle, Pilotin an Instrukterin, erkläert.

“En fait, je peux changer la météo, donc tout ce qui est vent, par exemple, rajouter des pannes. On va dire que mon objectif principal, c’est de créer un scénario qui fasse sens et qui permet donc au pilote de se sentir vraiment au cœur d’un scénario possible dans la vie réelle et de pratiquer tout ce qui est panne, donc procédure à adapter, tout ce qu’on ne peut pas travailler vraiment en scénario réelle.”

De Simulator huet ronn 1,5 Milliounen Euro kascht. Fir de Generaldirekter vun “Aquarius Aerial Firefighting” ass dat awer eng Investitioun an d’Zukunft – an an d’Sécherheet. Mat der Äerderwiermung an ëmmer méi laangen Drécheperiode am Summer geet d’Gefor fir Bëschbränn an Europa erop. An domadder och de Besoin u spezialiséierte Piloten an enger moderner Ausbildung.

Och auslännesch Entreprisen hunn d’Méiglechkeet, de Simulator hei am Land ze buchen, fir hir Piloten zu Lëtzebuerg ausbilden ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO