
A Japan ass en Äerdbiewe keng Seelenheet, d’Land läit nämlech op verschiddenen Äerdplacken. Besonnesch déi pazifesch Plack, déi sech ëmmer rëm ënner aner Placken dréckt, léist dat eent oder anert d’Biewen aus. Ronn 1.500 Biewe ginn all Joer registréiert. Dat sinn awer dacks esou schwaach Äerdbiewen, dass d’Bierger et guer net matkréien. Am Joer 2011 war et zu engem Biewe vun der Stäerkt 9 an engem 10 Meter héijen Tsunami komm. Heibäi ware méi wéi 20.000 Mënschen ëm d’Liewe komm. Et war dat stäerksten Äerdbiewen, wat jee a Japan gemooss gouf.
De leschten Donneschdeg koum et op en Neits zu engem Äerdbiewe mat der Stäerkt 7,1 am Südweste vu Japan. Och virun engem Tsunami gouf gewarnt, dës Warnung gouf mëttlerweil awer rëm opgehuewen. Et goufen eng Partie Leit blesséiert.
Déi betraffe Populatioun a Japan konnt rechtzäiteg gewarnt ginn, dat mat engem Fréiwarnsystem, och Earthquake Early Warning genannt. Hei gi mat Hëllef vu Sensore seismesch Aktivitéite gemooss, déi iwwerwaacht ginn. D’Experte kënne scho reagéieren, wa réischt kleng Aktivitéite gemooss ginn, esou dass d’Bevëlkerung ka gewarnt ginn, éier déi méi staark Welle spierbar sinn. “En Äerdbiewe viraussoe kann een awer net. Ech kann ee just mellen, wann éischt Vibratioune gemooss ginn”, sou de Wëssenschaftler an Direkter vum Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (ECGS) Adrien Oth.
D’Äerdbiewen a Japan konnt iwwerdeems och zu Walfer, wou den ECGS säi Sëtz huet, vun den Apparater gemooss ginn, wéi den Adrien Oth op sengem Computer weist.
Nom Biewe vun en Donneschdeg hunn déi Japanesch Autoritéite virun engem sougenannte Megabiewe gewarnt. D’Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,1 kéint en nach vill méi staarkt Megabiewen am Nankai-Grouf ausléisen, sou déi offiziell Warnung vun der Japan Meteorological Agency.
Mee wéi realistesch ass esou e Megabiewen? “D’Warnung berout op enger Consideratioun vun der vergaangener Aktivitéit vun der Nankai-Subduktiounszon a statistesche Modeller, mat deenen een d’Probabilitéit, dass e Biewe méi grouss wéi eng bestëmmte Magnitude (an dësem Fall Magnitude 8+) an den nächsten Deeg oder Wochen optriede kann, ofschätzt”, sou den Dr Adrien Oth. D’Magnitude ass de Moosswäert fir d’Stäerkt vun engem Äerdbiewen ze moossen.
An de leschten 1.300 Joer goufe ronn 12 esou Megabiewen an der Nankai-Zon, déi ronn 900 km ëstlech vu Japan verleeft, registréiert. Am Duerchschnëtt geschitt dëst all ronn 100 Joer. Do misst een awer oppassen. D’Intervalle leien “tëscht engem Dag a ronn 250 Joer. [...] dat heescht déi Moyenne vun ‘all 100 Joer’ ass nëmme bedéngt informativ”, sou den Expert.
Dës weidere wier d’Nankai-Zon bekannt fir sougenannten Zwillingsbiewen. Et wier an der Vergaangenheet scho mol virkomm, dass zwee änlech grouss Biewen a kuerzer Zäit noenee geschéien.
D’Warnung baséiert awer och op statistesche Modeller. No engem Biewe vun der Stäerkt 7 geet d’Probabilitéit an d’Luucht, dass am Laf vun enger Woch e weidert staarkt Biewe kéint nokommen. “Et ass awer esou, dass mir hei vu ganz klenge Probabilitéite schwätzen, déi ëmmer däitlech ënner engem Prozent leien”, erkläert den Adrien Oth. Dogéint géif d’Warscheinlechkeet, dass an den nächsten 30 Joer zu engem Megabiewen an dëser Géigend kënnt bei 70 bis 80 Prozent. Dës zwou Rechnungen dierft een awer net matenee verwiesselen.
Dës Warnung a Prozedur geet op d’Erfarung vun 2011 zeréck. Hei koum et zwee Deeg virum Biewe mat der Stäerkt 9 zu engem méi schwaachen Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,2. Zënter 2019 dann hunn déi japanesch Autoritéiten en neie Protokoll fir esou Warnungen agefouert.
Dës Warnunge wieren och eng gutt Erënnerung fir d’Leit, fënnt den Expert. Wann d’Populatioun gutt virbereet ass a Virsiichtsmoossname getraff ginn, kéint dat, am Fall wou, vill Liewe retten.
Allgemeng schwätzt een hei awer vun engem “low probability & high impact"-Event, sou den Adrien Oth, also eng geréng Warscheinlechkeet an héich Wierkung. Et wier also éischter onwarscheinlech, dass et a Japan an den nächsten Deeg zu engem Megabiewe kënnt.