Fir d’Leit vun der Ëmweltorganisatioun Sea Sheperd ass dat Alldag. Si kontrolléieren esou, ob d’Fëscher sech un d’Reegelen halen. Zanter Ufank des Joers goufe schonn iwwer 1.200 doudeg a schwéier verwonnten Delfinen un der franséischer Atlantikküst fonnt.
Experte schätze souguer, datt et bal 10.000 doudeg Déiere sinn. Sea Sheperd huet duerfir eng Campagne lancéiert, bei där och e jonke Lëtzebuerger um Schëff dobäi war. Wat Sea Shepard genee um Mier mécht, wat hir Aktioune bréngen a wéi d’Liewen u Bord ofleeft, d’Annick Goerens war fir eis 5 Deeg mat u Bord.
An den éischte 5 Méint vun dësem Joer sinn un der franséischer Atlantik-Küst méi doudeg Delfinen ugeschwemmt gi wéi an de ganze Joren 2017 an 2018.
D’Autopsien hu gewisen, dass déi déidlech Wonnen duerch riseg industriell Fëschernetzer entstinn, an deenen d’Déieren als sougenannten “Beifang”, also net gewollt, mat gefëscht ginn.
Déi bekannten Ëmweltschutzorganisatioun Sea Shepherd hat dofir wärend 2 Méint bis Enn Abrëll eng Campagne um Atlantik lancéiert, fir d’Politik an d’Ëffentlechkeet op dës Methoden opmierksam ze maachen. D’Annick Goerens war fir eis mat um Schëff vun den Déiereschützer ënnerwee.
Et ass een trauregen neie Rekord. 1.200 Delfine goufen dëst Joer schonn u Land gespullt. Deels ganz staark mutiléiert. Ma fir all Karkass, déi op der Plage fonnt gëtt, ginn der 4 Mol méi am Mier ënner. Dat wären der also fir dëst Joer scho Ronn 6.000 Stéck, soen d’Experte vum Observatoire Pelagis zu La Rochelle. Eng Katastroph fir dës Delfin-Populatioun vu just 180.000 am Golf de Gascogne.
Den Thomas Le Coz, Kapitän vun der Sam Simon erkläert: “Et ass e Phänomen, dat schonn zanter Jore bei Wëssenschaftler, ma och bei Fëscher bekannt ass. An d’Wëssenschaftlecher hu versicht, d’Regierung op dës Problematik opmierksam ze maachen a versicht, Léisungen ze fannen. De Problem ass awer, dass näischt weider bis ewell geschitt ass. Dofir huet Sea Shepherd decidéiert, hei hin ze kommen, alles ze dokumentéieren, ze kucken, wat geschitt a versicht, ze verstoen. Dofir si mer elo schonn zanter 2 Méint hei am Gaangen, ze dokumentéieren an d’Fëscherbooter ze analyséieren déi Dag an Nuecht wäit vun der Küst ewech schaffen an natierlech ze observéieren, wat an hiren Netzer hänke bleift.”
24 Fräiwëlleger vun iwwer 10 Nationalitéite sinn u Bord vun der Sam Simon am Alter tëscht 19 an 62 Joer. Dorënner och de Lëtzebuerger Laurent Rischette. “Ech si fir d’Medien zoustänneg, also alles, wat de Video betrëfft. Dat heescht d’Dokumentatioun, wa mer owes erausginn. Alles filmen. Wa mer Delfinen an den Netzer fannen, da sécherstellen, dass mer dovu Videomaterial hunn. Dat Ganzt zesummeschneiden, Videoe maachen an dann erausschécken, fir dass dat online goe kann.”
D’Haaptaarbecht vun den Ëmweltschützer geschitt nuets. Um 2 an um 5 Auer moies ginn d’Speedbooter eraus an observéieren, wéi d’Fëscher hir déidlech Netzer eranhuelen. D’Behuele vun de Fëscher ass dacks aggressiv, se versichen, déi kleng Booter vun den Ëmweltschützer ze rammen, se jäize Frechheeten an hänken och alt emol opgeblose Kanner-Delfinen hannert hiert Boot.
“Also mir hunn net mann Delfine gesinn, déi an de Netzer houngen. Mir hu Booter gesinn an Zone fëschen, wou se net hätten dierfte fëschen. Mir hu Booter gesinn, déi anscheinend sollte sougenannten “Pingeren” benotzen, déi akustesch Signaler vu sech ginn, déi d’Delfinen ofhalen, bei d’Booter ze kommen, déi entweder guer net un den Netzer waren oder se waren zwar um Schëff, mee eben net installéiert. Also sinn all déi Saachen, déi d’Ministeren annoncéieren, notamment dass Observateuren op Fëscherbooter wären oder dass si akustesch Stéiersignaler géinge benotzen, eben net dat ass, wat mir um Terrain observéieren.”, esou den Thomas Le Coz, Kapitän vun der Sam Simon.
D’Fëscher benotzen ëmmer méi aggressiv Methoden, fir ze fëschen, mat ëmmer méi grousse Schleppnetzer, déi quasi wéi een Triichter alles opsaugen, wat se kréien, ma doduerch awer och vill wat net gebraucht - an duerno einfach an d’Mier gehäit gëtt. D’Fëscher wiere sech natierlech géint esou eng Duerstellung. Et géing een awer Efforte maachen.
Den Eric Guygniec, Patron vun enger Fëscherassociatioun betount: “Mir hoffen, dass mer dëst Joer mat den neie “Pingeren” eng Léisung fonnt hunn. An zanter Ufank des Joers goufen am Golf vu Gascogne 21-22 Delfinen, déi ongewollt gefëscht goufen. Onglécklecherweis. Mee mir schaffe weiderhin drun.”
D’Zuele vun den Delfine schwätze leider eng aner Sprooch, soen och d’Experte vum Observatoire Pelagis. Deemno huet Sea Shepherd och annoncéiert, dass si nächste Wanter nees un der franséischer Atlantikküst fir den Erhalt vum Mier a sengen Déiere patrulléiere wäerten.