De Premierminister huet, e bëssen iwwerraschend, offiziell vu Kris geschwat. Zu Enkpäss bei Sprit a Brennes kéim et awer nach esoubal net, seet d‘EU-Spëtzt. Trotzdeem gouf nees driwwer geschwat, gemeinsam Gas ze kafen. Och iwwert e Präisdeckel soll rieds gewiescht sinn. An alles dat, ouni dass d‘EU geopolitesch groussen Afloss am Kontext Iran-Krich huet.
Dem Luc Frieden no den Haaptfokus vun dësem EU-Sommet: déi gemeinsam Spuer- an Investitiounsunioun. Frankfurt, Paräis, Dublin, Lëtzebuerg. Ënnerenee vernetzt, déi selwecht Reegelen, fir dass d‘Leit hir Suen an europäesch Entreprisen investéieren an net spueren. Nach dëst Joer soll et Realitéit ginn.
D‘ukrainesch Regierung ka frou sinn, e bësse gespuert ze hunn, nach e puer wéineg Woche ginn d‘Reserven duer, well e Kredit vun 90 Milliarden Euro vun der EU kënnt elo mol net. Den ungaresche Premier ass stuer bliwwen.