Krich am Noen OstenWichteg iranesch Atomanlag vun US-israeeleschen Attacke getraff

RTL Lëtzebuerg
Wärend den Trump seng NATO- Partnere verbal attackéiert, lueft hien dat eegent Virgoen am Iran.
Loftattacken op d'iranesch Stad Isfahan
Loftattacken op d’iranesch Stad Isfahan
© -/AFP

Déi iranesch Atomenergieagence mellt e Samschdeg de Moien US-israeelesch Attacken op eng wichteg Atomanlag an der iranescher Stad Natanz. Israel huet eegenen Aussoen no och nees Ziler am Libanon attackéiert. Dobäi wieren direkt e puer Membere vun der pro-iranescher Hisbollah doutgemaach ginn. Aus Tel Aviv ginn och nees iranesch Rakéitenattacke gemellt.

Israel huet d’Attack och confirméiert. Radioaktiiv Stralung gouf bis ewell keng gemellt. Den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz huet annoncéiert, déi nächst Deeg géif een d’Attacken op den Iran nach weider verstäerken, an dat däitlech a scho vu muer un. Si géifen eréischt ophalen, wann all d’Ziler vum Krich erreecht wieren, sou de Katz. Dës Woch hat sech d’Situatioun besonnesch wéinst géigesäitegen Attacken op d’Energieinfrastruktur däitlech verschäerft.

Trump attackéiert NATO-Alliéierter

D’NATO-Alliéierter si Feiglingen. Dat seet den amerikanesche President Trump. D’NATO-Partnere wéilte sech net bedeelegen un der Sécherung vu Pëtrolsexporter aus der Strooss vun Hormus. Ouni d’USA wier d’NATO een Tiger ouni Zänn. Elo, wou de Kampf am Iran bal eriwwer wier, géinge si sech awer bekloen iwwer ze héich Pëtrolspräisser.

Dem Donald Trump no stéingen d’USA am Iran dann och kuerz virdrun, hir Ziler z’erreechen. Dozou gehéieren dem amerikanesche President no déi komplett Zerstéierung vun der iranescher Rakéitefäegkeet an hirer Verdeedegungsindustrie. Donieft d’Eliminéierung vun hirer Marinn an hirer Loftwaff. An et géing och drëm goen, sécherzestellen, dass den Iran ni an de Besëtz vun Atomwaffe kënnt. Wann een all dës Ziler bis erreecht hätt, kéint een ufänken, d’Attacken op den Iran och ze reduzéieren. Iwwerdeems verlageren d’USA weider Truppen an den Noen Osten.

Groussbritannien huet den USA dann elo och erlaabt, hir Militär-Stëtzpunkte komplett ze benotzen. Virdru war dat just fir Verdeedegungszwecker vun der Strooss vun Hormus. Teheran huet dat net gutt opgeholl a London direkt gewarnt, dass dat wäert Konsequenzen hunn.

Back to Top
CIM LOGO